L for Liberty

…because liberty is not negotiable.

Fundstück

Ist Frank Schätzing ein heimlicher Liberaler? Das ZDF-Magazin Aspekte brachte eine Sonderausgabe zur Frankfurter Buchmesse und interviewte dafür auch Schätzing zu seinem neuen Buch „Limit“. Das Interview ist aus (wirtschafts-)liberaler Sicht interessant.

Zum Video hier klicken, aus der Liste links „Frank Schätzing“ wählen, Bandbreite festlegen und anschauen. Die zitierten Passagen sind etwa in der Mitte des Interviews.

„Aber tatsächlich ist es so, dass die Prozesse der Globalisierung, die wir nun mal haben, und dass auch im Sinne der Forschung, also einer weltumspannenden Forschung, die sich ja exponentiell vollzieht, (…) eher eine Sache global agierender Konzerne ist als von Regierungen. Weil Regierungen doch sehr stark limitiert sind im Handlungsspielraum, sie sind infrastrukturell tätig innerhalb ihrer Landesgrenzen, sie haben die jeweiligen Gesetzbücher, innerhalb dieser Grenzen können sie sich bewegen, darüber hinaus nicht.
Was ich bedauere ist, dass wir so einen Divide haben, ein Auseinanderleben, die Politik hat sich in die eine Richtung entwickelt und die Unternehmerschaft in die andere. Und da muss ich sagen, da ist mir die Politik mittlerweile ja, gerade in den Ländern in denen es eigentlich gut geht zu zögerlich geworden, da treten sich die Bedenkenträger gegenseitig auf die Füße. Die sind nicht mehr innovativ, die sind nicht visionär, sie sind nicht mutig, und dass sich da die Industrie abkoppelt und sagt „Wir gehen unseren eigenen Weg“ ist nachvollziehbar. Das heißt was wir brauchen, wir müssen eine starke, transparente Partnerschaft wieder haben zwischen Politik und Privatwirtschaft, ohne dass der eine den anderen aber reglementieren will.

(…)

Wie viele Regierungen, die derzeit Länder regieren, wollen wir denn wirklich haben. Wir gehen ja in Deutschland immer so komfortabel davon aus, dass wir eine Demokratie und mehr oder weniger nette Politiker haben. Gehen Sie in viele Staaten der Welt, da ist Politik und sind Regierungen etwas ganz Entsetzliches. (…) Per se die besseren Menschheitslenker sind nicht unbedingt Politiker. Und man muss auf der anderen Seite auch wiederum sehen, dass in Konzernen auch vielfach Leute sitzen, die Visionäre sind, weil sie sich um die Menschheit Gedanken machen. Und tatsächlich bin ich der Meinung, dass der Fortschritt von Seiten der Konzerne wesentlich eher zu erwarten steht als von Seiten der Politik. Insofern bin ich ein Freund der Stärkung der Konzerne, allerdings meine ich, ist es wichtig, dass wir keine Parallelregierung bekommen, sondern, dass eben Regierungen sich bemühen aus ihrer Tranigkeit nach der innovativen Kraft der Konzerne zu strecken und zu sagen „Wir spielen da mit“.

Ebenfalls interessant ist das Interview mit Gerhart Baum und Ilija Trojanow zum Thema „Rettet die Grundrechte/Angriff auf die Freiheit“.

Und als letzter Video-Tipp spricht noch Leon de Winter über sein neues Buch „Das Recht auf Rückkehr“ und seine pessimistische Sicht auf den Nahostkonflikt.

(Schade, dass die ZDF-Mediathek so umständlich sein kann…)

Advertisements

Oktober 22, 2009 - Posted by | Bücher, Klassischer Liberalismus | , ,

10 Kommentare »

  1. Just firwëtzeg:

    Ech huelen un, dass dier zwee, als grouss Fans vum Liberalismus, reduzéiertem Staat, etc, och liberal, selbststänneg Beruffer ausübt?

    Kommentar von Grommel | Oktober 23, 2009

  2. @Grommel: Ech profitéieren vun daer dooten Fro fir mat zwee groussen Virurdeeler punkto Liberalismus opzeraumen.

    1. Och wann een Haptennerscheed teschent Kapitalismus/Liberalismus an Sozialismus tatsächlech deen ass, datt et am K/L frai Entrepreneuren gett an effektiv den Partei-Liberalismus sech oft un Geschäftsleit wendt, besonnesch un den effektiv furchtbar geschröpften Kleng- a Mettelstand, deen einfach déi kléngsten Lobby huet, ower d´Haptbasis vun der Gesellschaft duerstellt (aner Gruppen ginn jo och schons vun aneren Parteien bedéngt), esou bedeit daat net datt Liberalismus sech jhust un Entrepreneuren wendt.

    Fir mech ass Liberalismus grad déi (Meta-)ideologie, déi fir den eenzelnen Individuum do ass, onofhängeg vu séngem Geschlecht, séngem sozialen Statut, Alter, Hautfuarw asw. Während aner Ideologen Partikularinteressen vertrieden an Gruppenprivilegien verteidegen (wat leider an der heiteger Form vun Demokratie bei ALLEN Parteien ugesoot ass), sollten „richteg“ Liberaler fir Privilegienofbau, eng frai Gesellschaft an den Individuum astoen. Liberalismus soll fir jhiddereen do sinn. An ech probéieren ALL Mensch derfir ze begeeschteren, deen wessen well, wéisou Liberalismus och fir hien gutt wir.

    2. De Liberalismus ass och net staatsfeindlech, mee well een stuarken Staat, deen sech op séng Kaerfonctiounen beschränkt.

    Cf. https://lforliberty.wordpress.com/2009/06/04/liberale-staat/

    Elo zu der Entwert op Déng Fro: ech sinn selwer net selbststaenneg, mee ech hunn déifsten Respekt virun deenen, déi et sinn (och wann et secher do- wéi iwwerall!- och leider schwuarz Schof gett), well se leeschten genuuch. Si erschaffen jo och genuuch Arbeechtsplatzen fir aner Leit. Ech well net, datt an méngem Numm Bürokraten op deenen wertvolle Leit ronderem hacken, genausou wéineg wéi se iwwert main eegent Liewen sollen bestemmen.

    Kommentar von CK | Oktober 23, 2009

  3. Hm, interessant … De Comble wier natierlech, wann s de fir den Staat giffs schaffen!

    Kommentar von Grommel | Oktober 24, 2009

  4. Wéisou daat dann? (A wann ech elo meng eegen Firma gehat haett, haess de daat wuel als Comble deklaréiert, well ech jhust u mech an meng Firma giew denken.)

    Wann ech bei der Arméi oder Flic wir oder Staatsaffekot oder Richter, haett ech een wichtegen Job, virun deem all nach esou radikalen Liberalen déifsten Respekt huet. Wann ech Schoulmeeschter oder Educateur wir, kinnt ech naischt derfir, datt déi Fonctioun vum Staat (gréisstendeels) monopoliséiert ass, giew mech ower fir Reformen ausschwätzen. Genausou fir vill aner WICHTEG Fonctiounen am staatlech oder öffentlech-rechtlechen Beraich (virun allem an der Santé), deenen hir Leeschtung ech unerkennen.

    Ech hunn och naischt géint Staatsbeamten an -ugestallten (ausser géint Bürokraten). Denger Logik no dierft een Liberalen wuel och net op Stroossen fueren, an de Musee oder an d´Philharmonie goen, an de Stadioun fir Fussball ze kucken asw. well daat alles mat Steieren bezuelt ass. Dat ass kompletten Nonsense. Ausserdem sees Du, datt all Mensch an sénger Faveur misst wielen. Staatsbeamten sollen fir Privilegien fir Staatsbeamten votéieren, Bauern fir Privilegien fir Bauern, Mediziner fir Privilegien fir Mediziner asw. Genau daat stetzt haut vill Blödsinn.

    Wéi gesoot: Liberalismus ass fir jhiddereen do an an Diskussiounen mat Staatsbeamten weisen ech och doropper hin, datt och esouguer si net jhust munch Privilegien giewen opgin, mee och vill nei Virdeeler haetten. Och een Staatsbeamten sollt dierften selwer fir seng Rent a Gesondheet virsuergen bspw. oder méi einfach de Posten wiesselen kennen. An och beim Staat muss emol den internen Kommunismus een Enn hun.

    Ech freen mech iwwert all Mensch, deen un d´Fraiheet vum Eenzelnen gleewt an un een Staat, deen des Fraiheet schützen soll. Och Leit, déi fir de Staat schaffen, sinn hei also durchaus wellkomm. (An eisem Team ass jo esouguer de Vizepräsident vum Staatsrot.) Wann daat also op Dech zoutreffen sollt an Du eis derwéinster als Feinden empfenns, da lais Du falsch.

    (Witzegerweis wuar DP jo eng Zaitlaang esouguer eng Lobby fir Staatsbeamten, mee daat ass een anert Thema.)

    Kommentar von CK | Oktober 24, 2009

  5. Als Staatsbeamten schaffs du beim Papa Staat an profitéiers vun enger Abberzuel vun Privilègen, déi die Fräischaffend oder normal Employéen net hunn. Ugefaang mat der Jobgarantie (an ordentlechen Payen).

    An sou enger Situatioun ass et liicht irgendwelch ekonomesch Theorien an d’Welt ze setzen an ze soen, dass DIE ANER sech dorunner halen sollten.

    A wann die meescht awer och lo wéilten en Job mat liewenslaanger Jobgarantie an ordentlechen Payen hunn? Wier dat ok? Oder sollten just e puer Glécklecher déi Chance hunn?

    An du wëlls den Staatsapparat jo méi kleng maachen, richteg? Wiers du dann och gewëllt an esou engem Fall an de Privé schaffen ze goen an den PRivilègen opzeginn? Oder giffs DU natierlech innerhalb vum Staat gebraucht ginn a kéins weider deng Privilègen genéissen?

    An e Staat ouni ‚internen Kommunismus‘, wéi giff deen ausgesinn? Wier dat e privatiséierten Staat? Wéi sollt dat funktionnéieren?

    Kommentar von Grommel | Oktober 24, 2009

  6. „Als Staatsbeamten schaffs du beim Papa Staat an profitéiers vun enger Abberzuel vun Privilègen, déi die Fräischaffend oder normal Employéen net hunn.“

    Ech sinn vollkommen averstanen mat Daer an der Meenung, datt déi Privilegien alleguerten ofgeschaff sollen ginn, zumols se op Käschten vun aneren Leit ginn. (Och wann dat schwéier mam Widerstand vun der CGFP gett.)

    Den Statut vum Fonctionnaire dierft et sws nemmen nach fir hoheitlech Aufgaben wéi bspw. d´Police gin, all déi Aner sollten een normalen CDI kréien. Ech hunn dat och oft genuuch hei geschriwwen an och derbaussen gesoot. An ech soen datt och all Staatsbeamten, deen mech no ménger politescher Meenung freet an all Mensch, deen daer glaicher Meenung ass, ass hei wellkomm. Och vu mir aus Staatsbeamten, well et gett der jo baal nemmen, déi mengen, hir Privilegien wiren berechtegt an wellen se net hirginn. Ech ginn der och recht, datt all Mensch als éischt virun senger eegener Dir kieren muss.

    An sou enger Situatioun ass et liicht irgendwelch ekonomesch Theorien an d’Welt ze setzen an ze soen, dass DIE ANER sech dorunner halen sollten.

    Wow. Dann daerf elo keen Unisprofessor méi eng Theorie an d´Welt setzen (woumat dann och vill lénken Blödsinn emmerhin net méi giew existéieren :D). Den F.A. von Hayek huet iwwregens emmer gesoot, datt net jhust déi aner sech sollten drun haalen, mee sech explizit fir d´Privatiséierung vun den Unien ausgeschwaat. Mee no Dénger Logik missten vill Leit op hiren Dramberuf verzichten, jhust well de Staat déi Fonctioun leider usurpéiert huet.

    Och ass daat mat de Beamten an de gudden Payen éischter letzebuerg-spezifesch. Am Ausland gesait daat schons aneschters aus an Du kanns do vill méi verdéngen am Privé, je no Beruff. Esou hues de bspw. op daitschen Unien eng Rei Forscher am naturwessenschaftlechen Beraich, déi regelrecht Idealisten sinn an sech mat klengen Payen zefridden ginn. Fir déi wir et gutt, wann hir Uni giew méi no ökonomeschen Prinzipien fonctionnéieren.

    „A wann die meescht awer och lo wéilten en Job mat liewenslaanger Jobgarantie an ordentlechen Payen hunn? Wier dat ok? Oder sollten just e puer Glécklecher déi Chance hunn?“

    Jhiddereen huet d´Recht daat ze wellen, all Mensch well logescherweis een gudden Job mat héicher Paye an waert sech derfir druginn. Mee eng Garantie kann an dierft et fir KEEN ginn.

    An du wëlls den Staatsapparat jo méi kleng maachen, richteg?

    Ech well den Staat op seng Kaeraufgaben beschränken, jo.

    Wiers du dann och gewëllt an esou engem Fall an de Privé schaffen ze goen an den PRivilègen opzeginn?

    Du schéngs der jo nawell zimmlech secher ze sinn, datt ech NET am Privé schaffen 😉 Mee fir d´Fro allgemeng ze beentweren: ech haett mat baal naischt e Problem. Ech wuar och schons mol CAT mam Mindestloun. Ech verlangen naischt vu mengen Matmenschen. An Privilegien sinn mir éischter peinlech, ech well u sech guer keng.

    An e Staat ouni ‘internen Kommunismus’, wéi giff deen ausgesinn?

    Majo et misst méi meritokratesch zougoen. Et ass als éischt mol een Witz, datt Salairen sech automatesch erhéichen. An déi fix Carrièren (faenk an Grad x un an du kenns sws bis Grad y jhust, egal wéi gutt oder schlecht Du bass) missten och net sinn. Et misst munches méi flexibel ginn, méi leeschtungsorientéiert, méi transparent no baussen, méi finanziell Rechtfertegung. Esouguer Ariitungen wéi Museen bspw. missten ökonomescher gefouert ginn, méi wéi een Wirtschaftsbetrieb. Oder direkt privatiséiert, jo.

    Kommentar von CK | Oktober 24, 2009

  7. > Ech sinn vollkommen averstanen mat Daer an der Meenung, datt déi Privilegien alleguerten ofgeschaff sollen ginn, zumols se op Käschten vun aneren Leit ginn. (Och wann dat schwéier mam Widerstand vun der CGFP gett.)

    Mat der CGFP (an deenen meeschten Beamten) ass dat onméiglech.

    > Den Statut vum Fonctionnaire dierft et sws nemmen nach fir hoheitlech Aufgaben wéi bspw. d´Police gin, all déi Aner sollten een normalen CDI kréien.

    Dat heescht du wiers bereet deng Jobgarantie géint en CDI anzetauschen?

    > Wow. Dann daerf elo keen Unisprofessor méi eng Theorie an d´Welt setzen.

    De Punkt woer alt nees, dass et einfach ass, fir grouss Theorien an d’Welt ze posaunen, wann een selwer gutt emsuergt ass.

    > Och ass daat mat de Beamten an de gudden Payen éischter letzebuerg-spezifesch. Am Ausland gesait daat schons aneschters aus an Du kanns do vill méi verdéngen am Privé, je no Beruff.

    Zu Lëtzebuerg kanns de am Privé och méi verdëngen. Allerdëngs muss de vill méi dofir leeschten, muss méi Risiko a Responsabilitéit op dech huelen an kanns muer, duerch wat och ëmmer, nees ouni Aarbecht do stoen.

    > Esou hues de bspw. op daitschen Unien eng Rei Forscher am naturwessenschaftlechen Beraich, déi regelrecht Idealisten sinn an sech mat klengen Payen zefridden ginn.

    Jo, dat ass krass. Mee an Däitschland ginn et och vill Dokteren, déi net vill verdéngen.

    > Fir déi wir et gutt, wann hir Uni giew méi no ökonomeschen Prinzipien fonctionnéieren.

    Dat heescht? Wéi sollt se funktionnéieren a wat fir d’Konsequenz?

    > Jhiddereen huet d´Recht daat ze wellen, all Mensch well logescherweis een gudden Job mat héicher Paye an waert sech derfir druginn. Mee eng Garantie kann an dierft et fir KEEN ginn.

    A ween esou en Job kritt, oder verdëngt huet, dat gët per Concours definéiert?

    > Ech well den Staat op seng Kaeraufgaben beschränken, jo.

    A wat giffs de mat all den Chômeuren man, déi dat als Konsequenz hätt? Wéi ass eigentlech generell deng Astellung zu Chômeuren, Chômage an sou?

    > Du schéngs der jo nawell zimmlech secher ze sinn, datt ech NET am Privé schaffen

    Selon Lëtzebuerger Land vun der läschter Woch schaffen 55% vun de Lëtzebuerger am ’secteur protégé‘ (Staat, Gemengen, Edukatioun, etc) … en plus ass et aus dengen Äntwerten hei erauszeliesen.

    > Mee fir d´Fro allgemeng ze beentweren: ech haett mat baal naischt e Problem. Ech wuar och schons mol CAT mam Mindestloun. Ech verlangen naischt vu mengen Matmenschen. An Privilegien sinn mir éischter peinlech, ech well u sech guer keng.

    Dat heescht, wann s du de Choix häss, da giffs de zb deng Jobgarantie opginn? A wann der déi Privilegen peinlech sinn, firwat bass de dann bei de Staat schaffen gaang?

    > Majo et misst méi meritokratesch zougoen

    Wéi wëlls de dat awer zb bei engem Concierge an enger Schoul uwennen? Oder bei engem Gardien an engem Musée? A wee giff dat bewäerten?

    > Et ass als éischt mol een Witz, datt Salairen sech automatesch erhéichen.

    D’Economie vum Land profitéiert jo awer och gutt dovunner: d’Staatsbeamten leeschten sech vill (oder kënnen sech opmanst vill leeschten). Ass jo och keen Zoufall, dass Staatsbeamten als Client’en sou gären gesinn sinn, egal op vun Geschäfter oder Banken. Sie kënnen sécher sinn, dass déi Läit ëmmer hier Paye kréien.

    > Et misst munches méi flexibel ginn, méi leeschtungsorientéiert, méi transparent no baussen, méi finanziell Rechtfertegung.

    Op den éischten Bléck kléngt dat raisonabel.

    > Esouguer Ariitungen wéi Museen bspw. missten ökonomescher gefouert ginn, méi wéi een Wirtschaftsbetrieb. Oder direkt privatiséiert, jo.

    Wann d’Kultur bis komplett privatiséiert/kommerzialistéiert gët, da geet se d’Baach erof. Muséen sinn net haaptsächlech do fir Suen ze maachen (wéi giffen se sech dann finanzéieren? nëmmen duerch Entréesticket’en? majo dann, bonne chance, da kanns de se awer all hei am Land zouman), sie sinn éischter do fir Saachen oder Patrimoine ze erhalen fir déi sech villäicht dee Moment keng Sau interesséiert, déi awer historesch gesinn, wichteg sinn. A sie sinn och do fir de Publique ze edukéieren, an dat ’neutral‘, a net vum Point de Vue vun engem eventuellen Sponsor.

    Et kann een natierlech och soen, dass dat souwiesou alles onwichteg ass an dass déi aal Steng oder och déi aal an modern Tableau’en jo net MUSSEN gewiesen ginn … Wat awer sécher ass, ass sou Institutiounen net ouni Suen vum Staat giffen iwwerliewen (oder op engem minablen Niveau ronderem hëngeren), suguer de Louvre gët zu 65% vum franséischen Staat finanzéiert.

    Dovunner ofgesinn, sinn ech awer der Meenung, dass de Staat natierlech kéint optimiséiert ginn. D’Fro ass halt ëmmer zu wat fir engem Präis a mat wat fir Konsequenzen.

    Kommentar von Grommel | Oktober 24, 2009

  8. Mat der CGFP (an deenen meeschten Beamten) ass dat onméiglech.

    Jo, leider. Mee wann een emol eppes fir richteg erkannt huet, gett een et net op an passt sech opportunistesch der Majoritéit vun den Wieler oder enger spezifescher Interessensgrupp un.

    Dat heescht du wiers bereet deng Jobgarantie géint en CDI anzetauschen?

    Ech sinn der Meenung, datt et keng esou Garantie dierft ginn. Fir keen, och net fir mech.

    De Punkt woer alt nees, dass et einfach ass, fir grouss Theorien an d’Welt ze posaunen, wann een selwer gutt emsuergt ass.

    Majo no daer Logik huet jo dann wuel all Politiker de Mond ze haalen. Eigentlech och all Letzebuerger dann, well emsuergt sinn mir jo all gutt hei an deem raichen Land. Deng Logik leen ech derhir of. Wat wouer ass, ass wouer, och wann daat engem Staatsbeamten oder soss engem net an sain egoisteschen Krom passt.

    Allerdëngs muss de vill méi dofir leeschten, muss méi Risiko a Responsabilitéit op dech huelen an kanns muer, duerch wat och ëmmer, nees ouni Aarbecht do stoen.

    Eben. An derfir well ech eng méi businessfrendlech Politik.

    Mee an Däitschland ginn et och vill Dokteren, déi net vill verdéngen.

    Jo, ech weess, net verwonnerlech bei dem planwirtschaftlechen Gesondheetssystem.

    Dat heescht? Wéi sollt se funktionnéieren a wat fir d’Konsequenz?

    Majo d´Studenten wiren Clienten déi fir de Studium bezuelen. Dat kinnt een op Pomp finanzéieren. Prets étudiants. Oder durch Schaffen goen niewt dem Studium. Et misst richtegen Concours teschent Unien ginn, bspw. durch een Voucher-Modell a la Friedman. All Uni muss dann alles selwer finanzéieren wat si brauch an hir Suen gereieren. Eng gutt Konsequenz wir, datt d´Unien mol net méi jhust Bollwierker vum Sozialismus wiren.

    A ween esou en Job kritt, oder verdëngt huet, dat gët per Concours definéiert?

    Amfong soll keen esou een Job kréien. Mee ween beim Staat een CDI kritt, sollt effektiv per Concours oder verglaichbar objektiv Kriterien bestemmt ginn. Woubai och roueg all Ministere, Administration an Commune do seng eegen Criteren soll festleen daerfen, net méi iwwert een generellen Examen onbedengt.

    A wat giffs de mat all den Chômeuren man, déi dat als Konsequenz hätt? Wéi ass eigentlech generell deng Astellung zu Chômeuren, Chômage an sou?

    Liberal Reformen giewen grad Aarbechtsplatzen schaffen, wann och am Privé. Chômage kann jhiddereen mol erakommen, derfir sollt et Arbechtslosenversecherungen gin. Een minimalen Sozialstaat fannen ech sws durchaus an der Rei.

    Wéi wëlls de dat awer zb bei engem Concierge an enger Schoul uwennen? Oder bei engem Gardien an engem Musée? A wee giff dat bewäerten?

    Ass dach ganz einfach. Den Schouleeder oder Museumsdirekter bzw. een fir d´Ressources Humaines Zoustaennegen bidd een Verdrag mat bestemmtem Salaire un. Deen hellt de Concierge oder Gardien entweder un oder net. Eventuell kommen och Gewerkschaften nach an d´Spill.

    D’Economie vum Land profitéiert jo awer och gutt dovunner

    Daat ass net falsch, mee eng partikulär Betruetung. Ech empfehlen bei esou Sophistereien „Ce qu´on voit et ce qu´on ne voit pas“ vum Frédéric Bastiat.

    Vill Leit haalen Kultur fir wichteg an giewen fraiwelleg fir Theater, Museen, Operen asw. Suen ausginn, siew et iwwer Antrettsticketen oder och esouguer durch Spenden, Sponsoring, Touristenverbänn an raich Mäzener.

    Secherlech haetten mir dann net méi Museen à la Mudam (wat eng Geldverschwendung! Dat bescht wuar wuel grad nach gutt genuch…), mee méi bescheiden Konstruktiounen, mee mir haetten schons nach genuuch Kultur. A wann d´Leit ower keen Interet derfir méi hunn, da fannen ech dat zwar genau esou schued wéis Du, mee mir hunn keen Recht Leit ze zwéngen fir Museen ze bezuelen.

    Chronesch defizitär Programmer sinn net tolerabel, ausser wann et am Menschenliewen geet, net ower bei Luxusgüter an Fraizaitaktivitéiten. Daat gellt och fir Sport. (Ech giew ower am Geigenzuuch esou Ariitungen komplett vun allen Steieren befreien!)

    Déi Leit, déi sech fir Kultur interesséieren, sinn meeschtens finanziell Besserstoender, déi kennen et sech och leeschten fir hir Kultur méi ze bezuelen statt ze verlangen datt de Staat hinnen dat belleg derhinnerstellt.

    Kommentar von CK | Oktober 24, 2009

  9. CK:

    >> Dat heescht du wiers bereet deng Jobgarantie géint en CDI anzetauschen?
    >Ech sinn der Meenung, datt et keng esou Garantie dierft ginn. Fir keen, och net fir mech.

    Dat ass keng richteg Äntwert op meng Fro. Duerfir nach eng Kéier: Dat heescht du wiers bereet deng Jobgarantie géint en CDI anzetauschen?

    > Wat wouer ass, ass wouer, och wann daat engem Staatsbeamten oder soss engem net an sain egoisteschen Krom passt.

    Op x oder y wouer ass, bleift an deenen meeschten Fäll nach ze beweisen. An et ännert och näischt um Fakt, dass et einfach ass esou Theorien opzestellen, wann ee selwer duerch de Papa Staat gutt ofgeséchert ass.

    > Eben. An derfir well ech eng méi businessfrendlech Politik.

    A wéi aarbechtsnehmerfrëndlech gesäit déi aus?

    > Jo, ech weess, net verwonnerlech bei dem planwirtschaftlechen Gesondheetssystem.

    A wee giff die Dokteren an dengem System kënnen bezuelen? Ausser deenen Räichen?

    > All Uni muss dann alles selwer finanzéieren wat si brauch an hir Suen gereieren.

    Wat menger Meenung no op Käschten vun der Qualitéit geet. An da wäers de no kuerzer Zäit nëmmen nach Schoulen hunn déi Droit léieren …

    > Liberal Reformen giewen grad Aarbechtsplatzen schaffen

    Dat ass liicht gesot. Wéi kënt et dann, dass och Gesellschaften déi méi liberal sinn fermen Chômage hunn?

    > Chômage kann jhiddereen mol erakommen, derfir sollt et Arbechtslosenversecherungen gin. Een minimalen Sozialstaat fannen ech sws durchaus an der Rei.

    Wéi giff déi ausgesinn? Wee giff déi bezuelen? Wéivillgiff se kaschten?

    > Ass dach ganz einfach. Den Schouleeder oder Museumsdirekter bzw. een fir d´Ressources Humaines Zoustaennegen bidd een Verdrag mat bestemmtem Salaire un. Deen hellt de Concierge oder Gardien entweder un oder net. Eventuell kommen och Gewerkschaften nach an d´Spill.

    Dat woer awer net, wat ech gemengt hunn. Wéi evaluéiers de d’Aarbecht vun engem Gardien oder Concierge? Sie brauchen oft net vill méi ze maachen wéi do ze sinn a stonnelaang d’Daumen ze dréinen well näischt ze maachen ass. Wéi kéinten sou Läit sech duerch ‚mérite‘ eng méi grouss Paye schaafen?

    > Vill Leit haalen Kultur fir wichteg an giewen fraiwelleg fir Theater, Museen, Operen asw. Suen ausginn, siew et iwwer Antrettsticketen oder och esouguer durch Spenden, Sponsoring, Touristenverbänn an raich Mäzener.

    Ouni staatlech Subsiden kënns de do trotzdem net ganz wäit.

    > Secherlech haetten mir dann net méi Museen à la Mudam (wat eng Geldverschwendung! Dat bescht wuar wuel grad nach gutt genuch…)

    D’accord. An de Festungsmusée ass net besser. Et ginn ëmmer Saachen, déi een nach verbesseren kéint.

    > Déi Leit, déi sech fir Kultur interesséieren, sinn meeschtens finanziell Besserstoender, déi kennen et sech och leeschten fir hir Kultur méi ze bezuelen statt ze verlangen datt de Staat hinnen dat belleg derhinnerstellt.

    Kultur sollt awer net nëmmen fir déi Räich sinn! Et soll keen wéinst senger finanzieller Situatioun dovunner ofgehalen ginn Kultur kënnen ze genéissen. A kuck der deen Succès un, deen zb en Louvre op sengem Dag vun der oppenen Dier huet! Do sinn op eemol vill Läit, déi soss nie giffen an e Musée goen. An doduerch kënnen sech ganz nei Welten fir sie opdoen, zumools fir d’Kanner. Wat nees e positiven Effet op hier weider schoulesch a berufflech Karrière kann hunn, etc.

    Kommentar von Grommel | Oktober 25, 2009

  10. Dat heescht du wiers bereet deng Jobgarantie géint en CDI anzetauschen?

    Also, virausgesat Du haess recht mat Dénger Vermutung: Selbstverständlech JO. Ech sinn eben Idealist 😉

    Mee ech well elo jhust daat heiten mol kloerstellen:

    1. Hei ass ee Blog iwwer Politik an Philosophie. Iwwert déi Iddien sollt geschwaat ginn, net iwwert d´Auteuren selwer. Ob eng Iddi oder Theorie richteg oder falsch ass, huet naischt mat deem ze dinn, deen se vun sech gett. Perséinlech Froen ginn an Zukunft ignoréiert. Se hun hei naischt ze siichen.

    2. Giew ech drem bieden, hei ontopic ze bleiwen. An all Thread soll zu dem Thema vum Blog-Artikel diskutéiert ginn an net zu 119 aneren Themenfelder. Merci!

    Jhust ower nach kurz e puer Umierkungen:

    A wéi aarbechtsnehmerfrëndlech gesäit déi aus? (…)
    A wee giff die Dokteren an dengem System kënnen bezuelen? Ausser deenen Räichen? (…)Wat menger Meenung no op Käschten vun der Qualitéit geet. An da wäers de no kuerzer Zäit nëmmen nach Schoulen hunn déi Droit léieren …

    Do sinn esouvill Virurdeeler an deenen Froen implizit erhaalen, daat een guer nét méi weess, wou ufaenken. Et beweist datt d´Indoktrinatioun an eisen Staatsschoulen gut fonctionnéiert. Ugefang mat der Dichotomie Arbeitnehmer-Arbeitgeber an der Meenung, de Staat misst zugonschten vun enger oder der anerer Grupp hei intervenéieren iwwer déi Meenung, de Staat giew d´Gesondheetskeschten geréng haalen statt ze no uewen ze dreiwen bis hin zu Fächer, déi an Schoulen giewen verschwannen an Qualitéitsverloschter…

    Ech hunn elo keng Loscht hei Romaner ze schreiwen. Wann esou Themen Dech wirklech interesséieren, musst de et schons maan wéi ech selwer an Dech anliesen. An/oder flott Sendungen kucken wéi „Free to choose“ mam Milton Friedman oder haut „Stupid in America“ mam John Stossel.

    Haess Du recht, haetten d´UdSSR den kaalen Kriich gewonn, hun se ower net.

    Wéi kënt et dann, dass och Gesellschaften déi méi liberal sinn fermen Chômage hunn?

    Wéi eng? D´USA? Déi bedreiwen schons ganz laang keng klassesch liberal Politik méi. An deen héichen (strukturellen) Chomage an Daitschland kann jhust vum Staat verschold sinn, mir fällt do och genuuch ze kritiséieren an. Ech giew dann éischter nach no Neuseeland kucken, do gouwen munch Reformen an den 80er, 90er mol gemaach mat enormem Succès.

    Wéi giff déi ausgesinn? Wee giff déi bezuelen? Wéivillgiff se kaschten?

    Also ech giew mir eng Art Grondakommen virstellen, wéi et de Götz Werner mol virgeschloen hat. Doriwwer eraus giew et vlait nach munch Ariitungen fir Kanner, Jugendlecher an aner Onmündeger ginn. Och Behennerter. Bezuelen giewen d´Birger (wéi haut och) an déi drett Fro ass esou konkret, datt Politiker se mussen beentweren. Ower secher manner wéi den heitegen ausufernden Sozialstaat.

    Wéi evaluéiers de d’Aarbecht vun engem Gardien oder Concierge? (…) Wéi kéinten sou Läit sech duerch ‘mérite’ eng méi grouss Paye schaafen?

    Et gett genuuch Gardiens an Concierges am Privé. Irgendwéi schéngt et do jo ze klappen an och haut leet bei hiren Homologen vum Staat jo irgendeen déi Salairen fest. Déng Froen sinn mir sws ze konstruktivistesch. Wann ech op all Detail eng kloer Entwert wéisst, wir dat umossend. Dat iwwerloossen ech léiwer Planwirten. De Marché ass vu kengem Mensch designed gin, doranner leit séng Staerkt an Iwwerleenheet. Et muss een emol erem op d´Selbstorganisatioun vun den Individuen vertrauen, déi eng Léisung fannen.

    A kuck der deen Succès un, deen zb en Louvre op sengem Dag vun der oppenen Dier huet!

    Esou Aktiounen giew et secher och an engem reng privaten Système nach ginn. Schoulbesiich sws.

    Kommentar von CK | Oktober 25, 2009


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: