L for Liberty

…because liberty is not negotiable.

D´Rees an Namibia

Von staatlicher Entwicklungshilfe halte ich bekanntlich wenig bis nichts. Ganz anders verhält es sich schon mit privater, zivilgesellschaftlicher Entwicklungshilfe, die zudem Hilfe zur Selbsthilfe, vor allem Bildung, anbietet und jungen Menschen aus dem „reichen Westen“ ein interessantes Volontariat ermöglicht. Hier der Bericht (in luxemburgisch!) von Go Ahead-Mitglied Fabien O., einem Freund von mir, über seine Namibiareise vom 15.02.-14.04.2009.



Fabien O. schreibt:

Den 15ten Februar hunn ech mech a Richtung Namibia opgemaach. Meng 1 Statioun wor den Fluchhafen zu Frankfurt. Vun do sinn ech, owes bei Schnéi, mat Air Namibia gestart an no 10 Stonnen moies bei iwwer 30° um 9 Auer um Hosea Kutako International Fluchhafen gelant. Nodeems ech bis 1 Auer gewoard hunn, well ech vergiess gi sinn, ass et mat enger „Post“-Camionnette hannen op den Kartongskëschten Richtung Gobabis weidergaangen.

Do sinn ech no engëm kuerzen Zweschenstopp vum Vonk, engëm Farmer ofgeholl ginn! Ënnerwee bëssi englesch, däitsch an afrikaans geschwat an no enger Stonn woren mir do zu Tsjaka bei der Schoul!

Schule

Fir d’1 hunn ech d’Heike kennegeléiert, hat wor schon en Mount als Volontär do an bleift nach 6 Wochen mat mir do. Hat huet mir d’Komeho Center, wou ech di nächst 2 Méint liewen, gewisen. Meng Wunneng wor westlech ageriet (Schaaf, Toilette, Dusch, wann mir och net ëmmer Waasser haten an e Frigidaire, och wann mir net ëmmer Stroum haten).

Moies ass et do direkt an d’Schoul gaangen an hunn mech do mol den 1ten Dag um Heike orientéiert. Kanner woren léif, haten awer net den Hauch vun Manéieren, wouduerch mir ni nächst 3 Wochen mol op Manéieren am Klassesall gepocht hunn. Ech hunn an den Klassen 5-7 ënnerriicht, woubäi 29.49 Kanner pro Klass woren an am Alter vun 10-19 Joer. Ech hunn virun allëm Mathé do gehalen an just an deenen Klassen, well di méi kleng Klassen nach net genuch Englesch kennen!

Schulkinder

Um 7 Auer moies fänkt d’Schoul un. Um 9:20 ass hier Paus an do kréien d’Kanner hiert Moiesiessen(Mäisbräi), dono ass bis 1 Auer Schoul. Mëttes ass nach eng Stonn Hausaufgabenhëllef an di grouss hunn och nach Owes eng Stonn. Ausser Mëttwochs an Freidës well do hunn si Kierch oder „Window of Hope“ wou si hier Zukunft beschwätzen bzw. sinn si do um Wee fir den Weekend doheem ze verbréngen. An der Schoul sinn iwwer 450 Kanner an am Hostel sou 250 Kanner, well et iwwer 20 % Aids an där Géigend gëtt an doduerch vill Kanner keng Elteren méi hunn. D’Hostel gouf an deem Mount no menger Zäit komplett désinfizéiert an nei ugestrach. Och d’Schaumstoffmatratzen sinn all gewäsch ginn.

Mir Volontären hunn eis missen selwer drëm këmmeren wann mir mol wollten an di nächst Staat Gobabis goen fir do anzekafen oder mol eppes aneres ze iessen. 1 Stonn Auto an et haten net vill Leit an Tsjaka en Auto. En plus sinn weder Busser nach Taxien Richtung Tsjaka gefuer, doduerch koum et och mol fir dat ech mat getrampt sinn.

Weekends sinn mir heiansdo op d’Farmen vum Vonk an vum Louis gaangen. Di 2 Bridder haten sech nämlech bereet erklärt, sech am Projet ëm d’Volontären bëssi ze këmmeren. Do goufen et Ofwiesselungen: kleng Safarien an da praller Sonn oder bei Sonnenënnergang. Véi zielen, afänken asw. an awer och mat hinnen bei aner Farmer goen an do nei Leit kennen ze léieren, déi deng Aarbecht wierklech super fonnt hunn. Sou sinn mir dann och eemol op enger Farm gelant wou moies en Hond ugegraff ginn wor. Mir sinn do mam Hond bei den Déierendokter gaangen, mä déi schaffen Samschdes net. Duerch privat Kontakter ass do awer eng Doktesch komm an mir hunn hier als Assistenten missen déngen. Den Hond wor vun engëm Pavian attackéiert ginn…

An da Halschent vun mengëm Openthalt ass d’Chefin vum Projet „Suni e.v.“ , di och eng Mataarbechterin vun „Go Ahead!“ ass, op Besuch komm. Mir woren do mat hinnen an mat den 15 manéierlechsten an fläissegsten Kanner op d’Harnas Farm. Di Farm ass bekannt well se vun der Famill Pitt-Jolie ënnerstëtzt gëtt. Mir hunn vill Déieren gesinn an haten och di Chance kleng Léiwen an souguer en ausgewuessenen Gepard ze heemelen. Weekends woren mir zesummen beim Vonk an sinn do Sandski gefuer. Einfach genial!

KleinerLoewe

Gepard

An d’Tsjaka ukomm, kenns du direkt rëm op den Bueden vun den Tatsaachen. Vu dat d’Kanner aus da „Preprimary“ „Hongerbäich“ hunn, hunn ech hinnen dës Öfteren Uebst matbruecht fir dat si wéinstens genuch Vitaminnen kréien. Dobäi hunn ech di 2 lescht Weekender domat verbruet mat Hëllef vun den Kanner hinnen Geméis am Gaart unzeplanzen an hinnen ganz Pläng geschriwwen fir dat daat och weiderhin machbar ass. Fir dat d’Kanner mol heiansdo Geméis kréien oder si et verkafen kenne fir den Kanner Iessen ze kafen.

Gartenarbeit

Während mengëm Openthalt hunn ech den Summer mat senger Dürre erlieft, d’Reenzäit mat dëm gréngen Land an rëm den Ufank vun da nächster Dürre, kennegeléiert.

D’Natur an den Himmel sinn einfach eenzegaarteg an et vergeet keen Dag wou ech net un di Zäit zeréckdenken! Weiderhin sinn hier Dänz an hier Lidder einfach flott an a mengëm Kapp.

Di lescht 3 Deeg iwwer Ouschteren hunn ech an der Haaptstad verbruet, déi schon un di däitsch Besetzung erënnert, mä et ass eng schéin Stad.

KircheWindhoek
ParkWindhoek

Den 13ten Abrëll sinn ech dohannen fortgeflunn an moies den 14ten Abrëll erem zu Frankfurt gelant.

Sonnenuntergang

Links:
Mphe Tuto
Suni e.V.
Go Ahead!

November 17, 2009 - Posted by | Afrika, Gastbeitrag, Namibia | , , , ,

5 Kommentare »

  1. Vielen Dank, dass du den Bericht hier rein gepostet hast!

    Wir werden uns ja demnächst mal wieder sehen.

    Lg Fabs

    Kommentar von Fabs | November 18, 2009

  2. Fabs und ich waren dieses WE in Igel auf einem Workshop bzgl. Südafrika und Namibia, organisiert von Suni e.V. War super interessant. Ich glaub ich muss da auch mal hin 🙂

    Kommentar von CK | Januar 17, 2010

  3. Ich denke es ist wichtig, dass man sich keine falschen Ilusionen macht.
    Personen die nach Afrika gehen wollen um zu „helfen“ treibt die Neugierde und die Abenteuersuche oder sie wollen einfach gerne einmal aus ihrer Gesellschaft heraus.

    Das ist auch vollkommen ok, aber man sollte sich nicht selbst einreden, dass man es nur aus Humanismus tut.
    Wichtig ist, dass dieser Wunsch zu „helfen“ reflektiert wird. Es gibt vor Ort genug unausgebildete Personen die Dinge viel beser machen können als irgendein Deutscher und dazu noch die richtige Sprache sprechen.

    Was es sehr oft nicht gibt sind Lehrende egal in welchem Beruf, also Experten auf einem Gebiet wie Fabien.
    Man sollte Afrika nicht über einen Kamm scheeren, sondern sich gezielt über ein Land und diese Region informieren und sich ein Projekt suchen in dem man erstens als Erxperte arbeiten kann und zweitens anderen etwas beibringt, damit sie es dannach selbst machen können.

    Fabien kommt als erfahrener Lehrer an eine Schule, die vom Staat trotz voller Klassen keine Hilfe erhält. Und er arbeitet mit Venon Malumani zusammen, einem namibischen Lehrer der von Fabiens Ausbildung profitiert. Die Schule hat den Verein Suni e.V. gezielt angesprochen und um Hilfe gebeten und Fabien musste sich intensiv auf seinen Aufenthalt vorbereiten und ihn auch nachbereiten.
    Und trotzdem kann man hinterher sagen: Wer am meisten von diesem Einsatz profitiert sind die Kinder und Fabien.

    Wir sollten uns von dem Bild das wir von uns selbst haben abwenden und auch einsehen, dass wir nicht einfach nur weil wir es wollen, in ein Land gehen können und denen da einfach mal zeigen „wie de Hase läuft“ nur, weil wir wissen wie man in Deutschland lebt.

    Leider sind viele Afrikaner einfach zu höflich, um uns zu sagen, dass wir arrogante Dummköpfe sind.

    Meiner Meinung nach ist ein Miteinander wichtig, wir sollten zusammen arbeiten und von einander lernen.

    Liebe Grüße

    Barbara

    Kommentar von Barbara | Januar 19, 2010

  4. Zwar nicht direkt ontopic, aber nur zur Werbung: Morgen findet ein Touch Rugby Turnier im Trierer Waldstadion statt. Es handelt sich hierbei um eine Charityveranstaltung zugunsten Afrikas. Auch Fabien und ich werden anwesend sein und mitspielen. Wer solche sportlichen Pfeifen wie uns also sehen möchte, einfach mal vorbeischauen… 😉

    Kommentar von CK | August 20, 2010

  5. 5ter von 18 🙂

    Kommentar von CK | August 22, 2010


Hinterlasse einen Kommentar

Diese Seite verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden..