L for Liberty

…because liberty is not negotiable.

Ons Identitéit

Net nëmmen wéinst den exzellente Minutte 22:45 bis 27:07 kuckenswert. Merci fir d’Onlinestellen!

„Ons Identitéit“-HP
Review bei sadautumn
Review bei Pianocktail
(via)

Advertisements

Dezember 3, 2010 - Posted by | Neues aus Luxemburg, Patriotismus, Satire, Video | ,

47 Kommentare »

  1. Mech giff dem CK seng Meenung zum Film interesséieren 😉

    Kommentar von Grommel | Dezember 3, 2010

  2. Mech geif virun allem dem Grommel seng Meenung intresseieren, well hien jo heinsto och Meenungen wei dei „typech“ Letzebuerger aus dem Film do vertrett.
    Den Film fannen ech awer genial.

    Kommentar von G. | Dezember 3, 2010

  3. Fir d’eischt Mol: ech respekteieren et enorm, dass sie en Film op d’Been gestallt hunn.

    Wat den Contenu ugeet: zum Deel hunn se de Nol op fe Kapp getraff (Béier, Facebook Gruppen etc) mee heiandsdo hunn se, menger Meenung no, och dolaanscht gefacht an klappen zevill eensaiteg op Letzebuerg resp. d’Letzebuergesch sinn. An dei meescht Virwerf, dei si den ‚einfachen‘ Letzebuerger maachen keinten sie och all den Auslaenner an hiere respektive Laenner maachen: dei schwaetzen och am leifsten hier Mammesprooch oder hunn et och net sou gär wann eng auslaennesch Firma eng inlaennesch iwwerhellt (cf Rolls Royce > BMW etc), woubai awer d’Reaktioun op Dikkrecher Geschicht en effet iwwerdriwwen woer. Mee ech mengen et huet och vill mat der Greisst vun eisem Land ze dinn. Mir kennen zwar vun villem profiteieren well mer sou kleng sinn mee dofir lafen mer awer och de Risk fir vun ‚baussen‘ iwwerrannt ze ginn.

    An jo, ech schwaetze gaer letzebuergesch a wier frou wann ech dat op mei pqlaatzen keinz man. Allerdengs erwaarden ech net vun all auslaenner dass en et fleissend keint schwaetzen. Mee e minimum wier fein an apprecieiert. Soss kann een sech jo och irgendwann d’fro stellen: firwat iwwerhaapt nach letzebuergesch? Firwat net just franseisch als offiziell (an inoffiziell) landessprooch? Da brauche mer och nie zwousch ’strooss‘ oder ‚drécken‘ schraiwen a kornnen einfach iwwerall ‚rue‘ an ‚poussez‘ hinner schraiwen ouni dat nees alles ze diskuteieren.

    Awer net falsch verstoen: ech schwaetzen beim baecker och aktuell franseisch a maachen keng szene doweinst. Ass halt sou.

    Mee ech fannen d’kritik vum film un ‚de letzebuerger‘ als ze pauschal an ze polemesch. Natierlech ginn et sou dumpf Humpepatrioten mat hierem RoudeLeiw Faendelen mee d’realiteit ass awer, opmanst bei engem deel, mei subtil.

    Argh, per iphone ze kommenteieren ass awer ustrengend an net ideal …

    Kommentar von Grommel | Dezember 4, 2010

  4. A nach eppes: wann eppes falsch drun ass fir als Letzebuerger gären Letzebuergesch ze schwätzen an ze erwaarden, dass die aner dat opmanst zu engem Deel respektéieren, wat ass dann mat den Katalanen, de Waliser an all aneren Minoritéiten, déi hier eegen Sproochen am léifsten schwätzen? Sollen déi och einfach een fir alle Mol de Bak halen an einfach die jeweileg ‚grouss‘ an dominant Sprooch akzeptéieren? Sollen d’Kurden ophalen kurdesch ze schwätzen an einfach endlech dat Tiirkescht akzeptéieren?

    Am Eescht, an ech hunn dat schon virun Eiwegkeeten gesot: firwat net eis Signalisatioun hei am Land op Lëtzebuergesch man? Och en Auslänner versteet séier wat gemengt ass. Ech brauch jo och keng 10 Joër fir ze verstoen, dass ‚calle‘ Strooss heescht. An géiff dat net dem Land en eegene Flair ginn? Aktuell fillt de Fransous sech jo hei bal wéi doheem a kéint et mat engem vun sengen Département’en verwiesselen … ok, am Detail ginn et Ënnerscheeder 😉

    Ech ginn och net virwat esou eng Aktioun lo fremdenfeindlech oder xenophob wier. Ech mengen net dass een d’Auslänner domadder iwwerfuederen oder ausgrenzen géiff.

    Kommentar von Grommel | Dezember 4, 2010

  5. @Grommel: Als éischt wëll ech soen, datt all Kritik zum Film immens wëllkomm ass, an datt mir (déi ganz Equippe) zefridde si, wann Diskussioun entsteet.

    Allerdéngs mengen ech, datt s du a verschiddene Punkte falsch läis, wat doru leie kann datt s du eis falsch verstanen hues (wat och rëm doru leie kann, datt mir eis net kloer genuch ausgedréckt hunn). Ech denken net datt mir esou anti-lëtzebuergesch sinn, wéi s du dat vläit gesäis. Ëmmerhinn si wahrscheinlech gutt 90% vum Film op Lëtzebuergesch; wa mir eppes géint déi Sprooch hätten, hätte mer en och an enger anerer Sprooch schreiwe kënnen. Datt ee d’Kritik um Nationalstolz och op aner Länner uwenne ka, wësse mir och (Mir hunn eis diesbezüglech schonn an engem Interview mat sokrates.lu geäussert, dee misst demnächst online gesat ginn). Vläit ass de Film ze vill op Lëtzebuerg bezunn, an net international genuch, mä et ass eis jo och an éischter Linn dorëms gaang, e Lëtzebuerger Public unzeschwätzen.

    Ech menge bei dir och de Gedanken erauszeliesen, datt sech méi misst fir déi lëtzebuergesch Sprooch agesat ginn, an datt se méi sollt respektéiert ginn. Freet sech just firwat? Hautdësdaags gi méi Bicher op Lëtzebuergesch geschriwwe wéi je virdrun, et gi méi Theaterstécker op Lëtzebuergesch gespillt wéi je virdrun, méi Filmer op Lëtzebuergesch gedréint wéi je virdrun… Ech gesinn déi Bedroung vun eiser fiktiver Identitéit net, a si ass menger Meenung no eng Erfindung vu rietskonservative Politiker, fir Stëmmen ze gewannen.

    Sproochen a Kulturen entwéckele sech weider, gewannen duerch Auslännesch Aflëss nëmmen dozou, verléieren näischt. Fir en „eegene Flair“ z’entwéckele ginn et zwou Méiglechkeeten: 1. Et akzeptéiert een eis multikulturell Gesellschaft a probéiert op Basis vun där eng Kultur opzebauen, oder 2. et berifft ee sech op al Siegrfried-Melusina-Geschichten, Dicks-Operetten, oder schreift „Béier“ nach „Be’er“, an zwéngt eis domat eng Kultur op, déi guer net méi zäitgeméiss ass, an déi deene meeschte (wa se éierlech sinn) scho laang zum Hals eräushänkt. Wat schléiss du vir wéi mer solle weidermaachen? 😉

    Kommentar von Jacques | Dezember 4, 2010

  6. @jacques:

    > Ech denken net datt mir esou anti-lëtzebuergesch sinn, wéi s du dat vläit gesäis.

    Ok, kann sinn. Mee wéi sollt ärer Meenung dann den idealen Lëtzebuerger sinn? An den idealen Net-Lëtzebuerger, deen zu Lëtzebuerg liewt, sinn?

    > Ëmmerhinn si wahrscheinlech gutt 90% vum Film op Lëtzebuergesch; wa mir eppes géint déi Sprooch hätten, hätte mer en och an enger anerer Sprooch schreiwe kënnen.

    Ech hu jo net gesot dir hätt eppes géint Lëtzebuergesch. Ech hu just doropper higewiesen, dass een nach mei kéint maachen fir d’Lëtzebuergesch méi präsent an ‚publique‘ ze maachen resp. dass een d’Sprooch bëssen méi (präventiv) schützen misst.

    Wier et dann zb denger Meenung no sou schlemm fir eis Signalisatioun op Lëtzebuergesch ze maachen?

    > Hautdësdaags gi méi Bicher op Lëtzebuergesch geschriwwe wéi je virdrun, et gi méi Theaterstécker op Lëtzebuergesch gespillt wéi je virdrun, méi Filmer op Lëtzebuergesch gedréint wéi je virdrun…

    Dat stëmmt an dat ass jo och gutt esou. Mee mir geet et méi em d’Lëtzebuergesch am ëffentlechen Raum. Wat net heescht, dass lo all legal Texter oder Staatswebsäiten sollen op Lëtzebuergesch sinn, dat ass jo irrealistesch, iwwerdriwwen an net wierklech néideg. Mee ech kommen halt nees op d’Signalisatioun zeréck: ech fannen schon, dass een och beim Trëppelen duerch eng Stad un esou Detailer mierken soll, dass een zu Lëtzebuerg ass an net zu Metz oder Arel. Wat wier un sou enger Meenung xenophob?

    >Ech gesinn déi Bedroung vun eiser fiktiver Identitéit net, a si ass menger Meenung no eng Erfindung vu rietskonservative Politiker, fir Stëmmen ze gewannen.

    Wat ass dann ärer Meenung no die wierklech Identitéit vum Lëtzebuerger? Oder ass de Lëtzebuerger usech net wichteg an soll einfach an enger vun deenen aneren Nationalitéiten opgoen? A wann d’Lëtzebuergesch eppes ass wat d’Auslänner vum Integréieren ofhällt oder wat generell am Alldag onwichteg ass oder emmer méi gët, soll een d’Sprooch dann net einfach ofschafen? Wier dach fir jidereen méi einfach!

    >Et akzeptéiert een eis multikulturell Gesellschaft a probéiert op Basis vun där eng Kultur opzebauen

    A wéi sollt een dat maachen? An et kënt een, alt erem, op d’Sprooch zeréck. Multikulti ass jo schéin a gutt mee dat heescht och normalerweis, dass wann 10 Lëtzebuerger zwousch sinn an een Fransous, dass die 10 Lëtzebuerger sech upassen. Wat zwar iergendwéi schued ass, mee oft natierlech Sënn mécht. Mee op der anerer Säit hëllt de Fransous dat dann nees als selbstverständlech op a braucht selwer nees keen Effort ze maachen. De Lëtzebuerger ënnerstëtzt/respektéiert oft de Multikulti mee de Multikulti ennerstetz/respektéiert seelen de Lëtzebuerger (duerch zb d’Sproochléieren).

    Dofir fannen ech et och problematesch, wa mer op eemol net-lëtzebuergesch schwätzend Politiker hätten. Kann een sech an Däitschland oder England Politiker virstellen, déi net d’Sprooch vun der (nach) Majoritéit am Land schwätzen? Dat leeft jo dann doropper eraus, dass all déi Veranstaltungen op franséisch lafen. Da wier ech perséinlech awer nach éischter fir Englesch als langue officielle oder véhiculaire.

    Op der anerer Säit däerf een sech natierlech keng Illusiounen maachen. D’Lëtzebuergescht an ‚de Lëtzebuerger‘ wäerten iwwer kuerz oder laang ausstierwen an wuel duerch Franséisch an franséisch-schwätzend Immigranten ersat ginn.Dat ass halt d’Schicksal vun engem klengen Land an enger klenger Sprooch. Minoritéiten hunn et jo bekanntlech ëmmer schwéier a verschwannen oft iergendwann ganz.

    Kommentar von Grommel | Dezember 5, 2010

  7. Eps wat vill Letzebuerger net verstinn. Natierlech ass een deen sech fir d’Letzebuerger Sprooch asetzt net direkt en Rassist oder Xenophob. Et kennt op d’Argumentatioun un an dei ass nun mol oft einfach nationalistesch a/oder populistesch.
    An ech mengen wanns du sees den „Letzebuerger“ oder „letzebuergescht“ wärten ausstiewen, dann schürs du domadder och nemmen Ängscht vu verschiddenen Menschen.
    Menger Meenung no gett dat Thema och vill ze vill dramatiseiert. Et kann een jo engkeier soen dat een leiwer „drécken“ do stoen hätt wei „pousser“, dorauser brauch een dann awer keng Staatsaffär ze maan.

    Kommentar von G. | Dezember 5, 2010

  8. @Grommel

    > Ok, kann sinn. Mee wéi sollt ärer Meenung dann den idealen Lëtzebuerger sinn? An den idealen Net-Lëtzebuerger, deen zu Lëtzebuerg liewt, sinn?

    Ee vun den Haaptpunkter vum Film wor, datt mir Konzepter wéi deen „ideale Lëtzebuerger“, respektiv deen „idealen Net-Lëtzebuerger“ ofleenen. Genee sou wéi mer d’Konzept vum „ideale Preis“ mat blonden Hoer, a bloen Aen, oder d’Konzept vum idealen „Net-Preis“ mat krommer Nues a groussen Oueren ofleenen!

    > Ech hu jo net gesot dir hätt eppes géint Lëtzebuergesch. Ech hu just doropper higewiesen, dass een nach mei kéint maachen fir d’Lëtzebuergesch méi präsent an ‘publique’ ze maachen resp. dass een d’Sprooch bëssen méi (präventiv) schützen misst.

    Méi „präsent“ a méi „publique“ kann een eng Sprooch wuel net maache, wéi wann een e Film an där Sprooch mecht. Geschützt muss se allerdéngs net ginn, wéi gesot, se ass net amgaang ënner ze goen!

    > Wier et dann zb denger Meenung no sou schlemm fir eis Signalisatioun op Lëtzebuergesch ze maachen?

    Vläit net schlëmm, mä menger Meenung no och net néideg. Eng Signalisatioun an enger Landessprooch, déi keen Auslänner versteet, kënnt normalerweis net gutt un, krut ech mol vu Kollege gesot, déi zu Warschau an der Vakanz woren.

    > ech fannen schon, dass een och beim Trëppelen duerch eng Stad un esou Detailer mierken soll, dass een zu Lëtzebuerg ass an net zu Metz oder Arel.

    …an net zu Parais, an net zu Berlin, an net op Hawaii, an net a Schweden an net… (fënns du am Film op 15:24) Also, ech hunn zwar schonn oft ee Patt ze vill gedronk, ech hat awer ni e Problem mech drun ze ërenneren a wéi enger Stad ech grad wor 😉 Ech mengen déi mannste Leit hunn domat Problemer. (Am Eescht: ech hunn de Flair vun eiser Haaptstad gär, d’Signalisatioun hunn ech am Fong nach ni gekuckt. Ass déi iwwerhaat op Franséisch?)

    > Wat ass dann ärer Meenung no die wierklech Identitéit vum Lëtzebuerger?

    Gëtt et net. Ass e Mythos. Wéi global Äerderwiermung.

    > Oder ass de Lëtzebuerger usech net wichteg an soll einfach an enger vun deenen aneren opgoen?

    Lëtzebuerg ass e Land, an där déi national Identitéit oft als méi wichteg geholl gëtt, wéi d’Identitéit vun enger eenzelner Persoun. De Lëtzebuerger u sech, oder wéi de Kant géif soen „Luxemburgius per se“, ass genee esou wichteg wéi all Immigrant, all Frontalier, a séng Sprooch a seng Kultur wäerte schonn net verluer goen.

    > Op der anerer Säit däerf een sech natierlech keng Illusiounen maachen. D’Lëtzebuergescht an ‘de Lëtzebuerger’ wäerten iwwer kuerz oder laang ausstierwen an wuel duerch Franséisch an franséisch-schwätzend Immigranten ersat ginn.

    D’Behaaptung, alt erëm, eis Sprooch an eis Kultur wiren amgaang ënner ze goen, ass am Fong grad esou absurd, wéi wann ee géif behaapten, d’Wirtschaft an Asie wir amgaang zréckzegoen. Wäerts gesinn, a 40 Joer gëtt an de Schoulen nach ëmmer Lëtzebuergesch geschwat, et ginn nach ëmmer Bicher op Lëtzebuergesch geschriwwen, a Filmer op Lëtzebuergesch gedréint. Aner Sprooche wäerten nach ëmmer hei am Land existéieren, an et wäerten nach ëmmer Leit ginn, déi awer frou a stolz si Lëtzebuerger ze sinn, an net Preis, an net Belsch… an hoffentlech wäerten et och nach ëmmer Leit ginn déi dat komescht Potential vun deenen Hardcore-Patriote gesinn.

    Kommentar von Jacques | Dezember 5, 2010

  9. @G:

    An ech mengen wanns du sees den „Letzebuerger“ oder „letzebuergescht“ wärten ausstiewen, dann schürs du domadder och nemmen Ängscht vu verschiddenen Menschen.

    Dat ka sinn, ass awer net mäin Ziel. Ech soen et just, wéi ech et gesinn. An ech bleiwen dobäi: wann d’Lëtzebuergescht ausstierwt, an dat ass just eng Fro vun der Zäit, an duerch zb d’Franséisch ersat gët, dann ginn et och keng Lëtzebuerger méi. Just nach Läit, déi an engem Land liewen wat halt Lëtzebuerg heescht. Wat awer och en zousätzlecht Departement vun Frankräich kéint sinn.

    Menger Meenung no gett dat Thema och vill ze vill dramatiseiert. Et kann een jo engkeier soen dat een leiwer „drécken“ do stoen hätt wei „pousser“, dorauser brauch een dann awer keng Staatsaffär ze maan.

    Soulaang nach ‚pousser‘ amplaz ‚drécken‘ do steet, kann een dat ëmmer rem soen 🙂

    Wat schwätzt dogéint fir d’Signalisatioun op Lëtzebuergesch ze man?

    Kommentar von Grommel | Dezember 5, 2010

  10. @Jacques:

    Ee vun den Haaptpunkter vum Film wor, datt mir Konzepter wéi deen „ideale Lëtzebuerger“, respektiv deen „idealen Net-Lëtzebuerger“ ofleenen. Genee sou wéi mer d’Konzept vum „ideale Preis“ mat blonden Hoer, a bloen Aen, oder d’Konzept vum idealen „Net-Preis“ mat krommer Nues a groussen Oueren ofleenen!

    Domadder maacht der iech et awer einfach! En plus hunn ech net vun physeschen Merkmaler geschwat!? Ass dat do nees e bëllege Versuch fir een direkt an den Nazi-Eck ze dreiwen?

    Méi „präsent“ a méi „publique“ kann een eng Sprooch wuel net maache, wéi wann een e Film an där Sprooch mecht.

    Do widdersprichen ech. Ären Film wäerten e Grapp voll Läit gesinn. Déi all Lëtzebuergesch kënnen. Soumadder ass däin Publique immens ageschränkt. Duerfir fannen ech et vill méi wichteg fir am ëffentlechen Raum, also do wou JIDEREEN ass, d’Lëtzebuergesch ze förderen.

    Geschützt muss se allerdéngs net ginn, wéi gesot, se ass net amgaang ënner ze goen!

    Dat sees du. Ech soen et ass just eng Fro vun der Zäit bis se ausstierwt oder just nach eng Mondaart gët, déi just nach vun e puer onverbesserlechen Traditionalisten geschwat gët.

    Vläit net schlëmm, mä menger Meenung no och net néideg. Eng Signalisatioun an enger Landessprooch, déi keen Auslänner versteet, kënnt normalerweis net gutt un, krut ech mol vu Kollege gesot, déi zu Warschau an der Vakanz woren.

    Dann hätt et villäicht net wéi gedoen fir e puer Wieder Polnesch ze léieren … ?
    Wann ech a Spuenien oder Dänemark an d’Vakanz ginn steet och net alles en plus op Englesch do. No kuerzer Zäit versteet een awer déi Haaptwieder.

    An ech verstinn einfach net, wéi dir géint e lëtzebuerger Flair am ëffentlech Raum kënt sinn? Firwat muss dat alles op Franséisch sinn? Firwat dierfe mir keng Eegenstännegkeet hunn oder déi weisen?

    …an net zu Parais, an net zu Berlin, an net op Hawaii, an net a Schweden an net… (fënns du am Film op 15:24) Also, ech hunn zwar schonn oft ee Patt ze vill gedronk, ech hat awer ni e Problem mech drun ze ërenneren a wéi enger Stad ech grad wor Ech mengen déi mannste Leit hunn domat Problemer. (Am Eescht: ech hunn de Flair vun eiser Haaptstad gär, d’Signalisatioun hunn ech am Fong nach ni gekuckt. Ass déi iwwerhaat op Franséisch?)

    De Punkt ass: firwat Franséisch wann mer Lëtzebuergesch hunn? An déi meescht Stroossen heeschen zum Beispill ëmmer nach ‚Rue‘ an net ‚Strooss‘ wann ech mech net ieren … Mee villäicht kléngt ‚Strooss‘ jo zevill baueresch an net mondän genuch …

    Gëtt et net. Ass e Mythos. Wéi global Äerderwiermung.

    E Lëtzebuerger ennerscheed sech als an näischt vun engem Fransous, Englänner oder Däitschen?

    Lëtzebuerg ass e Land, an där déi national Identitéit oft als méi wichteg geholl gëtt, wéi d’Identitéit vun enger eenzelner Persoun. De Lëtzebuerger u sech, oder wéi de Kant géif soen „Luxemburgius per se“, ass genee esou wichteg wéi all Immigrant, all Frontalier, a séng Sprooch a seng Kultur wäerte schonn net verluer goen.

    Wéi sou oft schéngt dir ze ignoréieren, dass Lëtzebuerg e klengt Land ass an domadder enger ganz anerer Problematik a Punkto Immigratioun, Sprooch, etc ausgesat ass, wéi grouss Länner!

    A wat garantéiert dann, dass dem Lëtzebuerger seng Sprooch a Kultur net verluer geet? Geet net e Stéck vun Lëtzebuerg verluer, wann op eemol Buergermeeschteren just nach op franséisch schwätzen? An franséisch ass, souwäit ech wees, nach ëmmer net d’Mammesprooch vun de Lëtzebuerger oder hunn ech do eppes verpasst?

    D’Behaaptung, alt erëm, eis Sprooch an eis Kultur wiren amgaang ënner ze goen, ass am Fong grad esou absurd, wéi wann ee géif behaapten, d’Wirtschaft an Asie wir amgaang zréckzegoen. Wäerts gesinn, a 40 Joer gëtt an de Schoulen nach ëmmer Lëtzebuergesch geschwat, et ginn nach ëmmer Bicher op Lëtzebuergesch geschriwwen, a Filmer op Lëtzebuergesch gedréint. Aner Sprooche wäerten nach ëmmer hei am Land existéieren, an et wäerten nach ëmmer Leit ginn, déi awer frou a stolz si Lëtzebuerger ze sinn, an net Preis, an net Belsch… an hoffentlech wäerten et och nach ëmmer Leit ginn déi dat komescht Potential vun deenen Hardcore-Patriote gesinn.

    Just firwetzeg, well ech mer net sécher sinn, wat deng Definitioun dovunner ass: sinn ech also en Hardcore-Patriot?

    An wat d’absurd ugeet, dat gesi mer jo dann … ech géiff alt keng Wetten drop ofschléissen.

    An firwat sollt ech wëlle e Preis oder Belge sinn? Ech sinn jo net an Däitschland oder Belgien gebuer? Wier ech an Däitschland gebuer, da wier ech halt e Präis, oder an der Belge e Belge. Domadder hätt ech keen Problem. Mee firwat soll ech als Lëtzebuerger wëlle zum Fransous ginn oder mech mussen a mengem eegenen Land *iwwerall* op franséisch verstännege missen? Resp. wann ech dat schon muss/misst, firwat muss ech dat och nach gutt fannen?

    Mee ok, ok, verlaange mer nëmme net, dass Läit, déi hei liewen a wunnen sech och villäicht e bëssen upassen … passen mir eis leiwer selwer die ganzen Zäit un an am Beschten och nach proaktiv!

    Kommentar von Grommel | Dezember 5, 2010

  11. Wei kenns du dodrop dat Letzebuergesch a Letzebuerger ausstiewen?

    Kommentar von G. | Dezember 5, 2010

  12. @Grommel:

    Fir datt hei net direkt rem ee flame war dräus gëtt, soen ech direkt, datt dat hei meng lescht Äntwert ass.

    > Domadder maacht der iech et awer einfach! En plus hunn ech net vun physeschen Merkmaler geschwat!? Ass dat do nees e bëllege Versuch fir een direkt an den Nazi-Eck ze dreiwen?

    Nee, Grommel, et heescht just datt mir Konzepter wéi „ideal + Nationalitéit“ oder „ideal + Ethnizitéit“ fir déplacéiert an och geféierlech halen.

    > Do widdersprichen ech. Ären Film wäerten e Grapp voll Läit gesinn. Déi all Lëtzebuergesch kënnen. Soumadder ass däin Publique immens ageschränkt. Duerfir fannen ech et vill méi wichteg fir am ëffentlechen Raum, also do wou JIDEREEN ass, d’Lëtzebuergesch ze förderen.

    Grommel! Kuck op der Websäit vum Film, do steet datt demnächst Ennertitelen op Däitsch an op Franséisch nokommen. Iwwer englesch oder portugiisesch Ennertitele gouf och scho geschwat, a mir schaffen dorun.
    Wann dat der nach net genuch ass, tréischt et dech vläit, datt ech selwer virun e puer Méint nach un enger CD fir e Lëtzebuergeschcours matgeschafft hunn.

    > Dat sees du. Ech soen et ass just eng Fro vun der Zäit bis se ausstierwt oder just nach eng Mondaart gët, déi just nach vun e puer onverbesserlechen Traditionalisten geschwat gët.

    Ech denken dat net. A wann och? Mëttelhéichdäitsch ass eng Kéier ausgestuerwen, Latäin ass eng Kéier ausgestuerwen… Sproochen a Kulturen verännere sech. Et sinn déi onverbesserlech Traditionalisten, déi déi gesond Verännerung wëlle blockéieren.

    > Dann hätt et villäicht net wéi gedoen fir e puer Wieder Polnesch ze léieren … ?
    Wann ech a Spuenien oder Dänemark an d’Vakanz ginn steet och net alles en plus op Englesch do. No kuerzer Zäit versteet een awer déi Haaptwieder.

    D’accord, mä dat schwätzt awer nach net dofir d’Signalisatioun ze änneren.

    > An ech verstinn einfach net, wéi dir géint e lëtzebuerger Flair am ëffentlech Raum kënt sinn? Firwat muss dat alles op Franséisch sinn? Firwat dierfe mir keng Eegenstännegkeet hunn oder déi weisen?

    Ech woen ze behaapten, datt bei dësem Film, direkt oder indirekt, Leit matgehollef hunn, déi immens vill fir d’Lëtzebuerger Kultur maachen, oder gemaach hunn. An dat op Lëtzebuergesch, Däitsch, Franséisch, Englesch… D’Sprooch spillt do keng Roll! Wann s de dech informéiers, gesäis de, datt mir ausser Lëtzebuergesch nach zwou aner offiziell Sproochen hei am Land hunn. Bass du lo domat net d’accord?

    > De Punkt ass: firwat Franséisch wann mer Lëtzebuergesch hunn? An déi meescht Stroossen heeschen zum Beispill ëmmer nach ‘Rue’ an net ‘Strooss’ wann ech mech net ieren … Mee villäicht kléngt ‘Strooss’ jo zevill baueresch an net mondän genuch …

    Wann dat wierklech däin Haaptännerungswonsch ass, weess ech wierklech net, ob s du domat eiser Sprooch esou ee grousse Gefale mëss, oder ob déi meescht Leit dat wierklech fir esou relevant halen…

    > E Lëtzebuerger ennerscheed sech als an näischt vun engem Fransous, Englänner oder Däitschen?

    Ech kenne Lëtzebuerger deenen hir éischt Sprooch Däitsch ass. Ech kennen Däitscher, deenen hir éischt Sprooch Lëtzebuergesch ass. Wanns du Informatiounen hues, déi dorop hiweisen, datt den Ennerscheed tëscht engem Lëtzebuerger an engem Däitschen iergentwou festzeleeën ass, looss mer se w.e.g. zoukommen, ech wier interesséiert!

    > Just firwetzeg, well ech mer net sécher sinn, wat deng Definitioun dovunner ass: sinn ech also en Hardcore-Patriot?

    Dofir kennen ech dech net gutt genuch. Ech hoffen net.

    > An wat d’absurd ugeet, dat gesi mer jo dann … ech géiff alt keng Wetten drop ofschléissen.

    Du mengs wierklech, wann déi Lëtzebuerger Sprooch verschwënnt kréie mir dat nach mat? Grommel!

    > Resp. wann ech dat schon muss/misst, firwat muss ech dat och nach gutt fannen?

    Wéi gesot, mir hunn dräi offiziell Sproochen.

    > Mee ok, ok, verlaange mer nëmme net, dass Läit, déi hei liewen a wunnen sech och villäicht e bëssen upassen … passen mir eis leiwer selwer die ganzen Zäit un an am Beschten och nach proaktiv!

    Ech schwätze vu klengem un däitsch a franséisch. Ech empfannen et net als „Upassen“ wann ech eng vun deene Sprooche benotzen, éischter als Ofwiesslung. An nach eng Kéier, och Däitsch a Franséisch sinn offiziell Sproochen.

    Als läscht géif ech dem G. seng Fro nach eng Kéier widderhuelen, an iwwerloossen d’Weiderféiere vun dëser Dikussioun gären dem Lars. Ech warnen dech just, hien ass méi fies wéi ech 😉

    Kommentar von Jacques | Dezember 5, 2010

  13. @G:

    Wei kenns du dodrop dat Letzebuergesch a Letzebuerger ausstiewen?

    Wann ëmmer méi Läit hei am Land wunnen, déi keen Lëtzebuergesch kënnen (oder Lëtzebuergesch net wichteg fannen) ass dat dach die logesch Konsequenz. Wann och villäicht en effet net an deenen nächsten 40 Joër.

    Mee wéi gesot, wann déi net-lëtzebuergesch-schwätzend Läit bis d’Majoritéit sinn an sech dann am ëffentlechen Liewen och méi aktiv materanbréngen (an do dann vun aneren net-lëtzebuergesch-schwätzenden Läit ennerstëtzt ginn), dann ass d’Lëtzebuergescht definitiv um ofsteigenden Aascht. Dann hu mer francophone Buergermeeschter etc.

    An dann ass och iergendwann den Hei Elei op franséisch (schliesslech dierf een jo net all déi Francophonen hei am Land ausschléissen – zumools déi jo och dann webe-technesch interessant an relevant sinn) 😉

    Kommentar von Grommel | Dezember 6, 2010

  14. @Jacques:

    Just kuerz dann …

    Nee, Grommel, et heescht just datt mir Konzepter wéi „ideal + Nationalitéit“ oder „ideal + Ethnizitéit“ fir déplacéiert an och geféierlech halen.

    Jo, mee dat ass jo awer den Nazi-Eck! An nach eng Kéier: mir geet et em d’Sprooch an net ëm physesch Merkmaler. Dofir gesinn ech net, firwat s de op eemol mat sou Argumenter („Genee sou wéi mer d’Konzept vum „ideale Preis“ mat blonden Hoer, a bloen Aen, oder d’Konzept vum idealen „Net-Preis“ mat krommer Nues a groussen Oueren ofleenen!“) komm bass? Do gouff probéiert eppes ze ennerstellen, wat net do ass.

    Ech kenne Lëtzebuerger deenen hir éischt Sprooch Däitsch ass. Ech kennen Däitscher, deenen hir éischt Sprooch Lëtzebuergesch ass. Wanns du Informatiounen hues, déi dorop hiweisen, datt den Ennerscheed tëscht engem Lëtzebuerger an engem Däitschen iergentwou festzeleeën ass, looss mer se w.e.g. zoukommen, ech wier interesséiert!

    Soulaang se allen beid Lëtzebuergesch schwätzen, gesinn ech en effet keen Ennerscheed.

    Ech schwätze vu klengem un däitsch a franséisch. Ech empfannen et net als „Upassen“ wann ech eng vun deene Sprooche benotzen, éischter als Ofwiesslung. An nach eng Kéier, och Däitsch a Franséisch sinn offiziell Sproochen.

    A wat ass deng Mammesprooch? Lëtzebuergesch, däitsch oder franséisch?

    an iwwerloossen d’Weiderféiere vun dëser Dikussioun gären dem Lars. Ech warnen dech just, hien ass méi fies wéi ech

    Bring. It. On. 😉

    Kommentar von Grommel | Dezember 6, 2010

  15. @Jacques

    A nach eppes: maacht der och eng Kéier e Film iwwert beschränkt/arrogant Frontalieren an aner Net-Lëtzebuerger hei zu Lëtzebuerg oder ass et méi interessant/wichtig fir op beschränkt/arrogant Lëtzebuerger ze klappen (déi et jo duerchaus ginn a wou och e gewëssen Handlungsbedarf besteet) an d’Auslänner, wéi sou oft, vun allen Makelen fräi ze schwätzen?

    Kommentar von Grommel | Dezember 6, 2010

  16. Dear Grommel,

    Et gett lo 2 Meiglechkeeten:
    Entweder du erklärs eis waat denger Meenung no ee richtegen Letzebuerger ass, wo do d’Grenzen sinn.
    Oder du beäntwers des Fro net an mir haalen op ze diskuteieren!

    Zu däer eischter Meiglechkeet sief nach gesoot, daat wanns du denks wierklech Eegenschaften ze fannen dei aus engem Mensch ee Letzebuerger, an aus engem aaneren een Net-Letzebuerger maan, brauchs du dech net ze beschweieren an den Nazi Eck gedreckt ze ginn, well dann stees de matzendran. An dann iwwerleen ech mer op ech Loscht hunn matt engem Ultra-rietsen iwwer Rassenennerscheeder ze philosopheieren…

    Deemno een Tipp: Kuck der de Film un! Kuck der en nach eng Keier un! An der Szeen no dem Letzebuerger Wochekuck kennt am Speech vum Wirtschaftsminister den entscheedenden Saatz: „Wann mir weider probeieren alles aus desem Land rauszegeheien waat net ‚richteg‘ letzebuergesch ass, dann wäert hei an kierzester Zait guer a glat naicht mei sinn“

    Lo ass et un dir: waat ass „richteg“ letzebuergesch? wou ass fir dech d’Grenz vum lezebuergesch sinn?

    (P.S. zu de stroossenscheller: waat ass dann daat Letzebuergescht wuert fiir boulevard, oder avenue ?)

    Kommentar von Lars | Dezember 6, 2010

  17. Dear Lars,

    Entweder du erklärs eis waat denger Meenung no ee richtegen Letzebuerger ass, wo do d’Grenzen sinn.

    E richtege (oder en ‚kompletten‘) Lëtzebuerger ass een deen och Lëtzebuergesch schwätzt. Oder, ech si jo flexibel, et opmanst versteet.

    Zu däer eischter Meiglechkeet sief nach gesoot, daat wanns du denks wierklech Eegenschaften ze fannen dei aus engem Mensch ee Letzebuerger, an aus engem aaneren een Net-Letzebuerger maan, brauchs du dech net ze beschweieren an den Nazi Eck gedreckt ze ginn, well dann stees de matzendran. An dann iwwerleen ech mer op ech Loscht hunn matt engem Ultra-rietsen iwwer Rassenennerscheeder ze philosopheieren…

    Kanner, liest dach wat ech schräiwen? Wou genau hunn ech vun ‚Rassenennerscheeder‘ oder ‚physeschen Eegenschaften‘ geschwat? Mir ass et ëm d’Sprooch gaang. Dat huet, souwäit ech wees, näischt mat der Rass ze dinn …

    Deemno een Tipp: Kuck der de Film un! Kuck der en nach eng Keier un! An der Szeen no dem Letzebuerger Wochekuck kennt am Speech vum Wirtschaftsminister den entscheedenden Saatz: „Wann mir weider probeieren alles aus desem Land rauszegeheien waat net ‘richteg’ letzebuergesch ass, dann wäert hei an kierzester Zait guer a glat naicht mei sinn“

    An och hei: wou hunn ech gesot, dass mer keng Auslänner sollen ralossen oder dass mer déi, die hei sinn rausgeheien sollen? Serieux, e bëssen méi Opmierksamkeet wgl. Soss huet et jo keen Sënn hei ze diskutéieren. Entweder mir diskutéieren, wat ech geschriwwen hunn oder mir diskutéieren, wat dir wéilt, dass ech geschriwwen hätt. A vous de choisir! Nondikass, woer dat lo Franséisch? 😉

    Lo ass et un dir: waat ass „richteg“ letzebuergesch? wou ass fir dech d’Grenz vum letzebuergesch sinn?

    Wann een mat mir schwätzt an behaapt et ass lëtzebuergesch, mee et ass usech franséisch oder däitsch, dann kann ech net mat him d’accord sinn dass et lëtzebuergesch ass. Et misst fir jidereen hei kloer sinn, wat lëtzebuergesch ass. Kuck den Hei Elei am Noutfall 😉

    (P.S. zu de stroossenschelder: waat ass dann daat Letzebuergescht wuert fiir boulevard, oder avenue ?)

    Dat sinn Detailer. Vun mir aus kënne se dat Boulevard oder Avenue loossen, wann et keen bessert Wuert op lëtzebuergesch gët. Lëtzebuergesch ass jo eng limitéiert Sprooch, dat ass gewosst. Mee dorëms geet et jo lo net.

    PS. A suguer Google Maps wees wou d’Enneschtgaass ass 😉 Firwat se also net offiziell Enneschtgaass nennen? Oder vun mir aus och, méi pafeg, Strooss vun Eiser Fra? ‚Rue Notre Dame‘ ass och just fir francophone Touristen/Aarbechter méi liicht. Mee firwat mussen just sie d’Saach ëmmer méi liicht gemaach kréien? Sie kéinten sech dach genau sou ustrengen wéi déi däitsch oder englesch Touristen/Aarbechter 😉

    Kommentar von Grommel | Dezember 6, 2010

  18. @Grommel,

    Op een lo Lait weinst seng physeschen Merkmaler vergast, rausgeheit oder wat wees ech oder weinst der Sprooch spillt wuel net sou eng grouss Roll. Ech gesinn och net an wisou „eis“ Kultur dei besser Kultur soll sinn. Ausserdeem huet sech „eis“ Kultur (an net nemmen „eis“) emmer ugepasst mat der Zeit. Se huet sech weiderentweckelt. Wisou soll se sech lo net mei weiderentwecklen?
    Ech hunn en Problem mat dem Kulturchauvinismus, wou emmer jiddereen mengt hien hätt dei „beschten“ Kultur an dei aner missten sech enneruerdnen.
    Ausserdeem gees du dovunner aus dat keen Auslänner, dei letzebuergesch Sprooch werd leiren bzw. dei letzebuergesch Nationaliteit werd unhuelen. Wisou?
    Des weideren kuck eis d’Schoulen un : Do kann jiddereen Letzebuergesch! Wou ass also wirklech den Problem?

    Kommentar von G. | Dezember 6, 2010

  19. @G:

    Op een lo Lait weinst seng physeschen Merkmaler vergast, rausgeheit oder wat wees ech oder weinst der Sprooch spillt wuel net sou eng grouss Roll.

    Dir sidd mir ouni Witz Lëschteger. An nees gët probéiert mech an den Nazi-Eck ze drécken. Ass dat net einfach? Ech well weder een vergasen nach rausgeheien.

    En plus ass eng Sprooch eppes wat een, am Géigensaatz zu physeschen Merkmaler, kann änneren/léieren.

    Ech gesinn och net an wisou „eis“ Kultur dei besser Kultur soll sinn. Ausserdeem huet sech „eis“ Kultur (an net nemmen „eis“) emmer ugepasst mat der Zeit. Se huet sech weiderentweckelt. Wisou soll se sech lo net mei weiderentwecklen?

    An och hei: wou hunn ech gesot, dass eis Kultur besser wier wéi hier? Mir geet et haaptsächlech em d’Sprooch. Allerdëngs ass d’Sprooch eppes elementares an villen Läit extrem wichteg. Schlo mol engem Fransous fir en soll lo just nach Englesch schwätzen. Jo, ech wees, keen perfekten Verglach, mee Fakt bleiwt dass Lëtzebuergesch meng Mammesprooch ass an net franséisch. An dass och Lëtzebuergesch méi, uh, letzebuergesch ass wéi franséisch (oder däitsch oder chinesesch).

    Ech hunn en Problem mat dem Kulturchauvinismus, wou emmer jiddereen mengt hien hätt dei „beschten“ Kultur an dei aner missten sech enneruerdnen.

    Ok, mee firwat solle mir eis an deem Fall dann dem Franséischen enneruerdnen?

    Ausserdeem gees du dovunner aus dat keen Auslänner, dei letzebuergesch Sprooch werd leiren bzw. dei letzebuergesch Nationaliteit werd unhuelen. Wisou?

    Wou hunn ech dat gesot? An mat engem Auslänner, deen hei am Land liewt – egal op en eis Nationalitéit huet oder net – an lëtzebuergesch schwätzt oder opmanst versteet, mat deem hunn ech iwwerhaapt keen Problem.

    Ech hunn e Problem mat deenen déi a. säit Eiwegkeeten hei liewen an et nie néideg fonnt hunn Lëtzebuergesch ze léieren oder b. sech dofir ze schéin sinn well se jo mat hierem Franséisch oder Dàitsch jo och sou gutt bei eis eenz ginn

    Dat hëlleft awer menger Meenung no absolut net der Integratioun an dat ass och duerch Faulheet vun Auslännersäit bedéngt. Gëschter woer ech den ‚Knätschgummi, Schokolo an brong Puppelcher‘ an de Kino kucken an do woer en alen Amerikaner, deen nom Krich heibliwwen ass (wéinst senger Fra an engem Puppelchen) an deen säin Interview op Letzebuergesch gemaach huet (wann och net emmer alles ze verstoen woer mee emmerhin)! A firwat huet en Lëtzebuergesch geléiert? Selon him fir sech besser ze integréieren!!

    Mee dann muss dat jo usech en Topert sinn? Wier dach duergaang, wann en franséisch geléiert hätt?

    Des weideren kuck eis d’Schoulen un : Do kann jiddereen Letzebuergesch! Wou ass also wirklech den Problem?

    Dat ass en Argument an do läit och d’Hoffnung. Mee och do sinn awer (sou wäit ech wees) eng Rëtsch (vill?) déi d’Franséisch dem Lëtzebuergesch als Emgangssprooch ennert ‚den Auslänner‘ preferéieren (also wann Portugiesen mat Jugoslawen oder Italiener schwätzen oder sou). Wann dat awer just eng Minoritéit ass, emsou besser.

    Perséinlech an global gesinn giff ech et souwiesou am Beschten fannen jidereen wier (mindestens) bi-langue: D’Mammesprooch & Englesch. Giff villes méi einfach man! A weider Sproochen kënne jo déi léieren, déi Loscht hunn oder déi an deem jeweilegen Land liewen oder sou. Mee sou giff jidereen an all Land sech verstännegen kënnen. Vu mir aus kéinten och all déi offiziell Saachen dann an deenen 2 Sproochen sinn.

    Kommentar von Grommel | Dezember 6, 2010

  20. „Dir sidd mir ouni Witz Lëschteger. An nees gët probéiert mech an den Nazi-Eck ze drécken. Ass dat net einfach? Ech well weder een vergasen nach rausgeheien.“

    Wat wells du dann eigendlech?

    Grommel, wien schwetzt dann hei an dem Land kee Letzebuergesch? Dat sinn greisstendeels keng Franzousen. Dat sinn Lait dei joerelaang an enger Diktatur geliewt an bedengt duerch dei Diktatur net an den Lycée hunn dierfen goen. Dei Lait sinn hei an d’Land komm, well mier sie gebraucht hunn fir eisen Liewensstandard ze erheigen. Dei Lait sinn an enger Zeit komm, wou Letzebuergesch nach guer keng offiziell Amtssprooch wor an dei Lait HUNN eng Sprooch geleiert, nämlech franseich. Denen Lait firzewerfen sie wieren faul ass absolut lächerlech. Dass du fir dei Lait keen Verständnis hues wor mer awer kloer.

    An lo mol ganz eierlech wanns du Letzebuerger a Frankreich geifs treffen, geifs du dann mat denen franseich schwetzen?

    Kommentar von G. | Dezember 6, 2010

  21. Okay Grommel, d’Sprooch soll et also sinn, nice try…

    1) Wann de „Letzebuerger“ sech doduerch auszeechnet Letzebuergeresch ze schwätzen, dann kreien ee puer Länner ee seriöen Probleem. Op deem ganzen Südamerikaneschen Kontinent schwätzt keen eng „Nationlasprooch“, ass de Brasilianer als ee Portugies? Den Columbianer ee verstoppte Spuenier? Awer mir brauche mol guer net sou wait ze goen, waat ass matt der Belsch, matt dem belgeschen? Donieft geif dat heechen dat Éisterräicher am Fong Däitscher sinn, Amerikaner am Fong Briten, Minetter am Fong Lëtzebuerger…

    2) heecht daat lo fir dech daat dei Leit an der Eifel, vun Tréier oder vun Arel och Lëtzebuerger sinn? (Dat géif d’Situatioun vu verschiddene Frontalier’en nämlech nach eng Kéier an en anert Liicht stellen, mir notze se also deelweis äus, OBWUEL se Lëtzebuerger sinn?) An do gouf et mol ee witzeg Film iwwer sou een Duerf an Amerika…

    3) Ech perseinlech schwätzen als eischt als zweet sprooch letzebuergesch, sinn ganz op daitsch opgewuess an iwwersetzen hei grad dei op daitsch formuleiert Gedanken aus mengem Kapp op letzebuergesch… Sinn ech lo ee richtegen Letzebuerger oder keen? (Also, mei Pass seet ech wier een, mee daat ass lusch)

    4) Stell der reng theoretesch fir du wiers daaf an stomm, hues du dann iwwerhaapt eng Meiglechkeet je Letzebuerger ze ginn? Hunn sou leit iwwerhaapt eng Nationaliteit?

    5) Gett een als Kand eischt dann Letzebuergesch wann ee bis schwätze kann?

    6) Gett een als Grandduc eicht Letzebuerger wann een richteg letzebuergesch schwätze kann?

    ehm, also, ech mengen: ganz objektiv: matt deem Sproochen-Argument kann een keng national Identiteit festleeen. also nach eng Keier: waat ass richteg letzebuergesch?

    Ech hellefen der mol ee bessi weider, soss komme mer hei net virun: du keins lo nach soen:

    – Letzeburgesch ass ween zu Letzebuerg gebuer ass!!! Daat Gesetz haat Frankreich mol, daat haat deen witzegen Effekt daat jiddvereen deen och nemmen am fliiger deen grad iwwer frankraich flitt gebuer ass fransous woor.

    – Letzebuergesch sinn dei dei vun Letzebuerger oofstaamen!!! Daat ass dei aal daitsch Variant, wou no der Bluddlinn gekuckt gett. D’Saach ass, wei weit kuckt een an d’vergaangenheet, an op waat kuckt een bei deenen leit dei an der vergaangenheet eng nationaliteit haaten. Zu Letzebuerg gett et de Probleem, daat wa mer ze wait an d’vergaangenheet kucken, mir leider kee Land, keng Natioun Letzebuerg fannen wäerten, d.h. mir staamen vun Auslänner oof, ihhh

    – Letzebuergesch sinn dei dei letzebuergesch lidder sangen. (Daat fenns du am Film, iwweregens, deng argumentatioun fennt een dax am Film, wanns du wells sichen ech der dei betreffent passagen raus) Jo also beim Liddersangen, do wees ech och net, also wanns du daat Argument brengs, dann ginn ech op an du hues gewonn

    – Letzebuergesch sinn dei dei hei wunnen. Daat wier relativ plausibel, mee ech mengen dann gess du dei probleem net lass, well dann weiderhin souvill Auslänner hei wieren 😉

    – Letzebuergesch sinn dei bei deenen am Pass „letzebuergesch“ steet. Voila, daat wier dei offiziell Variant. an Letzebuerger kann all Mensch ginn deen 7 Joer hei am Land woor. Letzebuerger sinn heecht doduerch : zu Letzebuerg wielen können an Staatsbeamten ginn. op manst sicht des variant als eenzeg net no iergendwelchen abstrakten fuerderungen, zB op een op letzebuergesch sech d’Nues botzt!
    Ech geif allerdengs dach souweit goen an och des Variant hannerfroen, well mir vum Pass hier mei wei d’hallschent Net-Letzebuerger am Land hunn, dei net wielen dierfen, waat fir all Demokrat eng gruseleg firstellung ass: 50% vun den Leit däerfen hei net wielen, sinn awer vum wahlergebnis direkt betraff…

    Ech hunn mol aaner firschlei, du wäers mierken ech sinn ee bessi utopesch an romantesch an sou saachen:

    Wei wier et mir vergiessen, wei de Jacques et iwweregens schon ganz um Ufank gesoot huet, de begreff national Identiteit an wennen eis un eng subjektiv Identiteit, Jiddvereen bestemmt seng Identiteit selwer, seng Stärkten, Schwächten an iwwerhaapt all Eegenschaften sinn dann nemmen vun him selwer oofhängeg. (geifs du soen „letzebuergesch schwätzen“ ass eng charakter-eegenschaft vun dir? wann jo: daat wier iergendwei leif)

    Fir eis ass national Identiteit ee Konstrukt, daat zesummen fällt wann een et mei genee kuckt. Et gett keng Punkten dei ee Mensch un ee Land onwiderrufflech bannen, an daat ass dach gudd sou! Stell der fir du häss vun ufank un an dei ganzt Liewenlaang eng eegenschaft dei fest ass, nemmen well Letzebuerger op dengem Pass steet.

    Bessi Optimismus fir eng cool Zukunft, ouni Ennerscheeder tescht de Menschen!

    (An wanns du dech lo nach traus op dengem verklemmten Punkt ze bestoen, dann wäert ech der all saatz deens du iwwer d’letzebuerger schreiws an aussoen vun Leit remfannen, dei teschent 33 an 45 mengten genee soen ze können waat den ennersched tescht hinnen an deenen Leit matt de laangen nuesen an groussen Oueren ass)

    Peace

    Kommentar von Lars | Dezember 6, 2010

  22. @G:

    An lo mol ganz eierlech wanns du Letzebuerger a Frankreich geifs treffen, geifs du dann mat denen franseich schwetzen?

    Natierlech sollen d’Fransousen ënnert sech franséisch schwätzen, och hei zu Lëtzebuerg. Ech hunn jo nie eppes anescht behaapt. Mee die aner Net-Lëtzebuerger, zumools déi jonk, sollten idealerweis Lëtzebuergesch als Emgangssprooch hunn a net Franséisch. Mir sinn jo schliesslech net am Frankräich. An de Lëtzebuerger, jo DE Lëtzebuerger, huet halt traditionell Lëtzebuergesch geschwat. Oder wou kéint déi Sprooch hier? Ass déi virun 50 Joër vum Himmel gefall? Wat kloer ass, ass dass Lëtzebuergesch net Franséisch an och net Däitsch ass (obwuel et natierlech méi no un dem zweeten wéi dem eischten ass). A mir sinn och hei weder a Frankräich nach an Däitschland (jo, an och net an der Belge, net a China, net an Transsylvanien an och net a net am Takka-Tukkaland), an dat sollten déi jeweileg Läit och erkennen resp. respektéieren.

    Wales huet jo och eng eegen Sprooch, déi d’Waliser léiwer hunn wéi d’Englesch. Firwat därfen d’Lëtzebuerg net d’Lëtzebuergesch léiwer hunn (an och promouvéieren)? Däitsch, Franséisch an Englesch schwätze mer jo och (ass jo och praktesch vill Sproochen ze kënnen), mee Lëtzebuergesch bleift awer d’Mammesprooch an d’Sprooch vum Letzebuerger, soss kënne mer d’Lëtzebuergesch jo och einfach ofschaffen oder just als ’niedlechen‘ Folklore bedreiwen? Läschteres wäert et jo souwiesou demnächst sinn.

    Kommentar von Grommel | Dezember 6, 2010

  23. Ech hun daat nach nie verstaanen, wisou aus deem ganzen ‚keen letzebuergesch schwätzen‘ esou eng Staatsaffär gemaach gett. Et ass dach eng ganz normal Saach. Ech schwätzen doheem Letzebuergesch, well et am einfachsten fir mech sou ass. D’Fransousen schwätzen doheem franséich, well et am einfachsten fir si sou ass. Wann ech am Ausland engem Letzebuerger begéinen, dann schwätzen ech mat em Letzebuergesch. Maja, an genau daat selwescht mescht den Fransous, wann en ee Fransou trefft. An wann zu Letzebuerg en Fransous hannert der Théik steet an ech ‚Un croissant zill wu plä muss son‘ dann ass daat, well ech wees, daat daat en Fransous ass, oder een, deen meng Sprooch net beherrscht.

    Jo, lo kennt den soi-disant Patriot: Jo, se sin an eisem Land, dann sollen se gefällegst eis Sprooch leiren.
    Ech denken mer emmer, sulaang mer eis kennen verstännegen – wou läit de Problem? Wann de Letzebuerger keen Franseich kinnt – jo dann ok. Mais e kann eben nunmol franseich an e soll sech dach dofir net schummen mais justement – hien soll frou sin, daat hien déi Sprooch am Alldag benotzen kann. Also ech sin stolz op meng Mehrsproochegkeet an notzen all Geleehenheet, mech dofir am Ausland ze bretzen 🙂 (kidding)

    Vläit ass daat en Grond fir Patriotismus? Komeschen Grond wuel, mais trotzdem 🙂

    Ech verneinen net, datt d’Sprooch en Bestanddeel vun onserer Identiteit ka sin. Ech gesin just net eng Notwendegkeet eng Identitéit ze ‚retten‘. Wann eppes verschwennt, dann wuel, well et nemmi wichteg ass. Letzebuerger Sprooch verschwennt (also daat hei ass hypothetesch) well keen mi d’Noutwendegkeet gesäit, des Sprooch ze schwätzen. So what? Eng Sprooch ass keen Ueleg. Eng Sprooch wandelt sech, setzt sech duerch oder och net. Wisou soll een do präventiv agéieren, fir eppes, waat een net noutwendegerweis brauch? An wisou ass daat präventiv? Fir mech ass daat ganzt ‚Back to the roots‘-gemeschels eierlech gesoot lächerlech. D’Mumm Séiss ASS NET Letzebuerg. Mier sin Letzebuerg!

    Kommentar von isabelle | Dezember 6, 2010

  24. Ouni un der Diskussioun deelzehuele muss ech awer nach eppes froen.

    @Grommel:

    >A mir sinn och hei weder a Frankräich nach an Däitschland (jo, an och net an der Belge, net a China, net an Transsylvanien an och net a net am Takka-Tukkaland)

    Djeft, Grommel, kanns du déi Spréch do net d’nächste Kéier rappe, virun deem s mer e Film maachen… Seriö, Takka-Tukkaland wir wierklech witzeg gewiescht! Dat hätt een nach kéinten abauen!

    Kommentar von Jacques | Dezember 6, 2010

  25. @Lars:

    Läit, déi hei am Land liewen (an net just eng Kéier heihinner trëppelen kommen) sollten menger Meenung no optimalerweis Lëtzebuergesch schwätzen, oder opmanst verstoen, kënnen. Hier Nationalitéit ass mer schnurzegal. An och op se blond sinn a Kropenuesen hunn.

    E Grand Duc muss awer Lëtzebuergesch kënnen, soss huet en, menger Meenung no, keen Recht Grand Duc ze sinn. Falls een iwwerhaapt nach en Grand Duc als Institutioun brauch …

    A mat engem Dafstommen kann een souwiesou nëmmen ageschränkt kommunizieren an d’Nationalitéit spillt keng Roll.

    Aner Saach: kuck der déi Däitsch an d’Fransousen un hierer gemeinsamen Grenz un. Wann net een vun deenen zwee gewëllt ass deem aneren seng Sprooch ze léieren (oder se allen zwee eng drëtt – Englesch zb – léieren) da kënnen déi net mateneen kommunizéieren. Obwuel se just e puer Kilometer vun eneen wunnen an just duerch Zoufall op der enger oder anerer Säit op d’Welt komm sinn. Wat ech domadder well soen, ass dass d’Sprooch enorm wichteg ass an mat dee gréissten Integratiounsfaktor ass.

    Wat méch perséinlech awer nervt ass, dass et emmer mir sinn déi den Effort mussen maachen an dass déi aner dat als selbstverständlech ophuelen a selwer net gewellt sinn irgenden Effort ze maachen. Mee da sollen se sech och net wonneren, wann d’Lëtzebuerger oft sou ‚verschloss‘ an ‚ennert sech‘ sinn. An och wann ech Däitsch, Franséisch an Englesch fléissend kann, sou schwätzen ech awer emmer nach am léifsten (an natierlech am beschten) Lëtzebuergesch.

    Mee soit, ass och lo egal. Gët sou lues langweileg an ass laang genuch driwwer geschwat ginn. Villäicht nervt mech och haaptsächlech déi Arroganz a Süffisanz vun gewëssen Francophonen …

    Kommentar von Grommel | Dezember 6, 2010

  26. @Jacques:

    Djeft, Grommel, kanns du déi Spréch do net d’nächste Kéier rappe, virun deem s mer e Film maachen… Seriö, Takka-Tukkaland wir wierklech witzeg gewiescht! Dat hätt een nach kéinten abauen!

    Et huet mech jo keen gefrot ;p

    Kommentar von Grommel | Dezember 6, 2010

  27. Oh FRECK

    Takka-Tukka-Land!!! Daat wier sou witzeg gewiecht, zut! Mee mir bauen et lo op manst an déi Daitsch ennertitel an!

    Ech hoffen dei Firschlag woor CreativCommons, Grommel, an mir ginn net verklot wann mer dei coolen Witz lo benotzen… Mee: mir maachen jo kee Benefice domadder

    Merci!

    Kommentar von Lars | Dezember 6, 2010

  28. ehm jo, kuerz zereck zum Punkt:

    @ Grommel

    > Mee soit, ass och lo egal. Gët sou lues langweileg an ass laang genuch driwwer geschwat ginn. Villäicht nervt mech och haaptsächlech déi Arroganz a Süffisanz vun gewëssen Francophonen …

    Langweileg gett et wells du daat waat de Jacques an den G. an d’Isabelle an ech dir schreiwen net richteg lies, oder net verstoen wells, du leisst dech net op eis argumentatioun an.
    An daat ass eng gewessen Atitude dei mech net nemmen nervt mee och zudeifst bedreckt.

    Ech hat mer lo wierklech ultra vill meih ginn bei mengem leschten Kommentar, an sou ee scheinen romanteschen, quasi poeteschen Schluss fonnt, deen och nach logesch an liicht verdaulech woor, an SOUGUER vir riets-ugehaucht Patrioten verständlech woor, mee du ignoreiers daat einfach, an daat huet mir d’Häerz gebrach.

    Dobai maachen ech mer dach sou suergen em dech, deng Paranoia an deng francophobie…

    (daat woor meng lescht Äntwert…)

    Kommentar von Lars | Dezember 6, 2010

  29. Ich schreib jetzt mal auf deutsch, erstens um ein wenig internationalen flair vorzutäuschen, und weil in meinm pass luxemburgisch steht, aber ich diese putzige sprache einfach nicht mehr hinkriege…

    Hm Grommel, ich kann kein Luxemburgisch, ich fühl mich auch nicht als luxemburger (ich würde mich eher als „Mensch“ bezeichnen), und trotzdem darf ich in meiner „Heimat“ wählen, dafür ein „Ausländer“, der seid was-weiss-ich-wie-lange in Luxemburg wohnt, nicht, obwohl es für ihn viel mehr Auswirkungen hat, bin ich den wirklich mehr „Luxemburger“ als er???
    Was ich damit sagen will: Nationalität ist ein Konstrukt, vorm Mittelalter sind auch alle ohne ausgekommen, und ich glaube wir könnten heute solangsam auch wieder drüber hinwegkommen…
    und luxemburgisch wird nicht aussterben, schlieslich gibt es noch immer leute die es sprechen WOLLEN (nicht müssen), und solange es die gibt hat eine Sprache auch die Legitimität zu bestehen, sonst naja, wenn die ganze luxemburgische Kultur dann untergeht wenn ihre Sprache keiner mehr sprechen will, dann kann sie auch nicht so grossartig sein..

    @ lars: also das gerade DU die ganze zeit von grossen Nasen redest ist doch sehr ironisch (kc!)

    Kommentar von Yves | Dezember 7, 2010

  30. @Lars:

    Langweileg gett et wells du daat waat de Jacques an den G. an d’Isabelle an ech dir schreiwen net richteg lies, oder net verstoen wells, du leisst dech net op eis argumentatioun an.

    Dem Isabelle säin Post hat ech bis lo nach net gelies. Maachen dat nach mee hunn lo grad net vill Zäiz.

    Wat verstinn ech dann net un ärer Argumentatioun? An et ass witzeg, dass du mir virgeheis iech net ze liesen oder ze verstoen, wann dir et sitt déi d’ganzen Zäit probéiert mech als Nazi, oder opmanst Hardcore-Nationalist, duerzestellen …

    Ech hat mer lo wierklech ultra vill meih ginn bei mengem leschten Kommentar, an sou ee scheinen romanteschen, quasi poeteschen Schluss fonnt, deen och nach logesch an liicht verdaulech woor, an SOUGUER vir riets-ugehaucht Patrioten verständlech woor, mee du ignoreiers daat einfach, an daat huet mir d’Häerz gebrach.

    Dat deet mer leed mee du kenns jo bestemmt driwwer weg. Zäit heelt jo quasi all Wonnen 😉

    Ech sinn net drop agaang well et menger Meenung no net relevant woer par rapport zu dem wat ech gesot hunn.

    Dobai maachen ech mer dach sou suergen em dech, deng Paranoia an deng francophobie…

    Aww, dat ass awer léif 😉

    Kommentar von Grommel | Dezember 7, 2010

  31. @all:

    Wat bréngt et fir den Net-Lëtzebuerger desen Film ze weisen? Fir hinnen den ‚hässlechen‘ Lëtzebuerger ze weisen? Ouni gläichzäiteg och op d’Fehler oder d’Imperfektiounen vun den Net-Lëtzebuerger hinzeweisen …

    Wéi genau soll dat d’Zesummeliewen vun Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger stärken?

    An de béisen Lëtzebuerger ass also deen eenzegen, deen hei Fehler mécht oder gemaach huet?

    Kommentar von Grommel | Dezember 7, 2010

  32. @Grommel: Ech hun de Film selwer leider nach guer net gekuckt, maan ech ower nach des Woch an gin dann hei och een klengen Feedback derzou of.

    @alleguerten zur Diskussioun: Ech sinn jo een Hardcore-Patriot u sech, virun allem am Sport. Ech sin als décken Fussballfan regelméisseg mam huarden Kaer vum M-Block on Tour. Ech wuar schons an Lettland, Slowenien, Israel, der Schwaiz, Frankraich, Holland, Griechenland asw. fir mol jhust e puer ze nennen. Ech hun emmer de rouden Léiw derbai, sangen bei der Nationalhym mat (wouriwwer een Frontalier op der Arbecht sech gutt amuséiert hat, well hien mech op TF1 grouss am Bild gesin hat zu Metz :D), ech drécken am Géigensatz zum JayJay och den Schleck-Bridder Daumen bei der TdF an mir ass och déi letzebuerger Sprooch wichteg (obwuel ech leider selwer wuel lauter Feeler hei schreiwen).

    Mee mat Blut-a-Buedem-Romantik kann ech guer naischt ufaenken. Den gewéinlechen „ethneschen Nationalismus“ ass mir friem (op een Awannerungsland wéi Letzebuerg bezun, souwisou eng domm Positioun an ech jubelen bei engem Goal vum Kitenge net manner wéi bei engem vum Leweck). Ech verbannen mam Wuert Patriotismus méi esou eppes wéi Verfassungspatriotismus a gemeinsam Werter (cf. https://lforliberty.wordpress.com/2009/06/22/nationalfeiertag2009/ ), ower och Heemechtverbonnenheet (réng privat Ugeleegenheet) a Sprooch. Mee Sproochen an Kulturen veränneren sech effektiv. Dat sin Saachen déi een selwer privat soll pflegen, wann se engem wichteg sin, ower am (partei-)politeschen Raum (=Zwang an Gewaltsphär) naischt verluer hun.

    Natirlech soll an den Schoulen letzebuergesch geléiert an och geschwat gin, een Minimum un zumindest passiven Sproochkenntnisser haalen ech och fir wichteg fir agebiergert ze gin an virun allem passiv un Wahlen kennen deelzehuelen an ween Staatsbeamten oder employé public oder communal well gin, soll allen drai Amtssproochen méi oder wéineger gutt kennen. De Recht ower soll den Marché regelen an d’Zivilgesellschaft.

    Wann ech léiwer letzebuergesch mam Wirt schwätzen, ginn ech an een Café wou de Wirt daat kann. Dito fir Restaurants, Supermarchéen asw. Woubai ech elo keen Zoodi maan, wann daat net iwwerall esou ass. Schliesslich ass et och ee bessi dem (typeschen) Letzebuerger seng Schold, datt hien net selwer esou Arbechten iwwerhellt oder och indépendant well sin. (A jo gutt, datt mir d’Frontalieren hun.)

    Et ass NET d’Aufgab vum Staat- vun den genannten Ausnahmen ofgesin- eng Sprooch, Liewensweis oder Kultur ze imposéieren, mee eis Fraiheetsrechter ze schützen (egal ween se bedroht!). Wat an der Economie un Qualifikationen verlangt gett, bestemmen aléng de Patron an indirekt Clienten.

    Letzebuergesch waert mMn iwwregens erhaalen bleiwen, well d’Sprooch de Leit wichteg ass. An do huet sech éischter villes verbessert. Fréier gouw an der Chamber nach franzéisch geschwat, sait iwwer 20 Joren elo ower schons letzebuergesch. Och de Grand-Duc schwätzt endlech letzebuergesch. Wuar zur Zaiten vun eisen Bopen nach net esou. An Geschäfter stellen léiwer Verkeefer an, déi méi wéi jhust franzéisch kennen. Derfir léieren esou munch Kanner zu Diddenuewen jo elo schons ee bessi letzebuergesch an der Schoul. De Marché regelt daat also selwer. An wann net, dann ass et de Leit eben egal an da soll een och naischt erzwéngen. Cf. Post vum Isabelle.

    Ansonsten stemmen ech mat den meschten Schreiwerlingen hei ower gréisstendeels iwwerteneen. Vu wou main Béier oder main Iessen kennt, ass mir sws egal, esoulaang et mir schmaacht. De beschten Béier ass sowiesou net Bofferding oder Diekirch, mee Andechser Doppelbock, do denken ech urbairesch 😉

    @Grommel: Ech sinn iwwregens net riets, wanns de dat mengs. Liberaler sin weder riets nach lénks. Ech hat engem eenzegen ADRler (F.Kartheiser) eng Stemm gin an sin frou datt hien an der Chamber setzt. Mee daat aus aussenpoliteschen Grenn (speziell Nahostkonflikt), net well ech irgendwelch Sympathien fir den ADR hun (jhiddferfalls net méi wéi fir déi aner Parteien.) Ech sinn u sech Kosmopolit (méng Kritik um Islam huet och naischt mat Nationalismus ze din, solls de daat mengen), ökonomesch (pro weltwaiten Fraihandel !!!) wéi och soss (multikulturell Gesellschaft mee an enger leitzivilisatoresch Rumm, sprech universal Individualrechter, Rechtsstaatlechkeet an Marktwirtschaft kommen virun ALL Kultur an mussen vun ALL Kultur respektéiert gin, soss ass déi jeweileg se net respektéierend Kultur effektiv a mengen Aen mannerwaerteg). Och ouni de Film gesin ze hun, mengen ech net, datt et Leit wéi ech sinn, déi do opgezun gin, obwuel ech Patriot sin an mir méi Leit am Stadioun wenschen, déi sech mat der Natioun/dem Land identifizéieren. Mee kuck d’USA. National Identifikatioun gett och abstrakt-republikanesch (an trotzdem oder grad derwéinster besser wéi an Europa, wou grad am nationalen Frankraich grouss Integrationsproblemer herrschen).

    Kommentar von CK | Dezember 7, 2010

  33. Wougéint ech ower sin, ass den naiven Multikulturalismus/Kulturrelativismus, deen mengt d’Kultur vun den Taliban wir glaichwerteg mat der Kultur vum Westen. An ech fannen et och net gutt, wann een bei der Nationalhym vu senger Wahlheemecht paift (wéi munch Nordafrikaner an Frankraich), daat ass respektlos (schliesslech muss een net do wunnen an kann och an Afrika fléien, wann do alles besser ass). Ech paifen bai KENGER Nationalhym. Bei esou Saachen ginn ech eben granzeg, mee ech hoffen, datt d’Filmemacher dat net grouss anescht gesin. Letzebuerg kritiséieren ass okay, maan mir jo och oft genuuch hei um Blog 😉

    Kommentar von CK | Dezember 7, 2010

  34. @Isabelle:

    Et ass dach eng ganz normal Saach. Ech schwätzen doheem Letzebuergesch, well et am einfachsten fir mech sou ass. D’Fransousen schwätzen doheem franséich, well et am einfachsten fir si sou ass. Wann ech am Ausland engem Letzebuerger begéinen, dann schwätzen ech mat em Letzebuergesch. Maja, an genau daat selwescht mescht den Fransous, wann en ee Fransou trefft.

    Dogéint huet jo och, sou wäit ech wees, keen eppes?

    An wann zu Letzebuerg en Fransous hannert der Théik steet an ech ‘Un croissant zill wu plä muss son’ dann ass daat, well ech wees, daat daat en Fransous ass, oder een, deen meng Sprooch net beherrscht.

    Ech maachen dat jo och sou. Trotzdem fannen ech et e bëssen traureg, dass déi meescht (well e puer sinn méi flexibel/interesséiert) hannert enger Theik net bereet sinn e minimum un Lëtzebuergesch ze léieren! Wéi schwéier ass et fir ze léieren fir op lëtzebuergesch op 100 ze zielen an ze wëssen, dass eng ‚Äppeltäsch‘ en ‚poche aux pommes‘ ass? Net immens … An zb am Cactus kënnen se et jo och.

    Ech verlaangen jo och net, dass eng franséisch Vendeuse mat mir op lëtzebuergesch iwwert d’Euthanasie diskutéieren kann. Ech giff et just flott (an respektvoll) fannen, wann sie sech awer och e MINIMUM un Méi giff ginn. Ech fannen et halt just e bëssen schued, dass wann ech an e Buttek eraginn ech net wees op ech zu Lëtzebuerg oder zu Metz sinn. Net dass dat lo en RIESENproblem ass, et gewinnt een sech jo och un alles.

    Jo, lo kennt den soi-disant Patriot: Jo, se sin an eisem Land, dann sollen se gefällegst eis Sprooch leiren. Ech denken mer emmer, sulaang mer eis kennen verstännegen – wou läit de Problem? Wann de Letzebuerger keen Franseich kinnt – jo dann ok. Mais e kann eben nunmol franseich an e soll sech dach dofir net schummen mais justement – hien soll frou sin, daat hien déi Sprooch am Alldag benotzen kann. Also ech sin stolz op meng Mehrsproochegkeet an notzen all Geleehenheet, mech dofir am Ausland ze bretzen.

    Ech sinn jo och frou, dass ech méi Sproochen kann. Mee ech schwätzen halt léiwer Franséisch am Frankräich wéi hei. A wann dier mech dofir als Nazi, Xenophob, Hardcore-Patriot oder wat och ëmmer ofstempelt, dann ass dat eben sou.

    Ech verneinen net, datt d’Sprooch en Bestanddeel vun onserer Identiteit ka sin.

    Ka ginn? D’Sprooch ass ëmmer Deel vun der Identitéit. A wat heescht ‚ons Identitéit‘? D’Lëtzebuergescht ass Deel vun menger Identitéit, op se Deel vun engem aneren seng ass hängt net u mir.

    Ech gesin just net eng Notwendegkeet eng Identitéit ze ‘retten’. Wann eppes verschwennt, dann wuel, well et nemmi wichteg ass. Letzebuerger Sprooch verschwennt (also daat hei ass hypothetesch) well keen mi d’Noutwendegkeet gesäit, des Sprooch ze schwätzen.

    Dat stëmmt natierlech. Mee do stellt sech dann generell d’Fro op minoritär Saachen sollen gerett ginn oder net.

    So what? Eng Sprooch ass keen Ueleg. Eng Sprooch wandelt sech, setzt sech duerch oder och net. Wisou soll een do präventiv agéieren, fir eppes, waat een net noutwendegerweis brauch? An wisou ass daat präventiv? Fir mech ass daat ganzt ‘Back to the roots’-gemeschels eierlech gesoot lächerlech. D’Mumm Séiss ASS NET Letzebuerg. Mier sin Letzebuerg!

    Et huet näischt mat Back to the roots ze dinn. Ech giff et just schued fannen, wann d’Lëtzebuergesch an x Joeren just nëmmen nach eng pittoresk Randerscheinung wier an net méi Deel vun Lëtzebuerg oder ‚dem Lëtzebuerger‘. But that’s just me …

    A villäicht gesinn ech d’Saach jo en effet ze pessimistesch. Naja, mir wäerten jo gesinn wéi et kënt.

    Kommentar von Grommel | Dezember 7, 2010

  35. @ Grommel:

    „Ech maachen dat jo och sou. Trotzdem fannen ech et e bëssen traureg, dass déi meescht (well e puer sinn méi flexibel/interesséiert) hannert enger Theik net bereet sinn e minimum un Lëtzebuergesch ze léieren! Wéi schwéier ass et fir ze léieren fir op lëtzebuergesch op 100 ze zielen an ze wëssen, dass eng ‘Äppeltäsch’ en ‘poche aux pommes’ ass? Net immens … An zb am Cactus kënnen se et jo och.“

    Ob een Bereed ass, Letzebuergesch ze léiren oder net, daat läit jo schlussendlech emmer un deem eenzelnen. Ech kann et verston, daats du dier wenschs ‚Eng Äppeltäsch‘ ze son, anstatt ‚une poche aux pommes‘. Mais du kanns kengem daat opzwengen. Du kanns daat net an den Staat kann daat net. Ech fannen et och respektlos wann dann d’Vendeuse äntwert: „Eh, quoi, en francais!!!“ (daat dann an engem frechen Toun). Mais ech sin awer emmer ganz frendlech wann d’Madame seet: Excusez moi, mais je ne sais pas parler le luxo. Dann denken ech mer: Ok dann, dann eben eng poche aux pommes.
    Ech iergeren mech jsut iwwer Letzebuerger, déi all keiers, wann een am Butteck em seet : „Euhm pardon, ech kann keen letzebuergesch“ dann direkt d’Kris pickt (ah, hei schéinen francophonismus :-))

    „Dat stëmmt natierlech. Mee do stellt sech dann generell d’Fro op minoritär Saachen sollen gerett ginn oder net.“

    Majo daat läit jo dann wuel un daer Minoriteit. Daat läit ganz alleng nemmen dodrun, ob d’Leit hier Sprooch behaalen wellen oder net. Et rett een keng Sprooch andeems een aaneren se opzwéngt.
    Wann dier d’Sprooch wichteg ass, majo da schwätz du mat dengen Kanner letzebuergesch. Mais huel un, dier wier se egal, obwuels de se kanns…majo dann wier et fir dech jo och keen Verloscht se net ze schwätzen oder se ‚weider liewen ze loossen‘.
    Et hängt einfach ganz vum Interessi vun den Eenzelpersounen of. Ech fannen, esou eng Werbung fir Letzebuergesch bessen opzwengend. Loos mech dach schwätzen, wei mier d’Zong gewuess ass! Also ech perseinlech gin aggressiv, wann een mier seet: Daat do ass dach keen Letzebuergesch. So dach Paiperléck, net Schmetterling. Fout moi la paix, son ech dann!

    „Et huet näischt mat Back to the roots ze dinn.“
    Ech fannen schon daat et eppes mat back to the roots ze din huet. Letzebuergesch Jugendsprooch ass nunmol geprägt vun Anglizismen, Germanismen e.t.c.
    Ech fannen et emmer iwwerdriwwen, express en letzebuergeschen Ausdrock ze benotzen (deen komplett iwwerliewt ass) nemmen fir Letzebuergesch ze schwätzen. Daat ass komplett onnatierlech. An wann et an 10 Joer onnatierlech ass „Mullebutzen“ ze son, dann fannen ech, datt et einfach net ugebruecht as, deen Ausdrock ze benotzen. Wann dann de Staat oder soss iergendeen mat enger Campagne kennt: Letzebuerger, loosst eis „Mullebutzen“ iessen! Oder sou ähnlech, dann fannen ech daat einfach lächerlech an fortschrettsbremsend. Dann sin ech leiwer dofir, daat een nei letzebuergesch Wierder erfennt. Daat wier dach mol en Bäitraag zur letzbuerger Identiteit! Identiteit formeiert sech jo, Identiteit ass näischt statesches. Dofir fannen ech et och onsenneg ze postuleieren, et sollt een alles dofir maan, fir seng Identiteitze bewahren. Ma wann se verschwennt, dann ass et nemmi deng Identiteit, dann kennt alt eng nei. Vläit hun ech och einfach e Problem mam Begreff Kollektividentiteit. Doriwwer muss ech nach nodenken.

    Kommentar von isabelle | Dezember 7, 2010

  36. @ Grommel:

    Du sees:

    „An de béisen Lëtzebuerger ass also deen eenzegen, deen hei Fehler mécht oder gemaach huet?“

    Natierlech net. Firwaat kenns du dann lo domadder? Heieren ech do vläit eng gewessen Xenophobie eraus, oder bilden ech mer eppes an? Et geet jo net dodrems en Verglach ze zéihen. Et geet net dodrems ze bewerten, ween dann lo besser ass: Den Letzebuerger oder deen aaneren (de Fransous vläit?). Sou eng Bewertung iwwerhaapt firzeschlon ass menger Meenung no relativ ethnozentristesch.
    Also mech schockeiert daat.

    Kommentar von isabelle | Dezember 7, 2010

  37. @Isabelle:

    Ob een Bereed ass, Letzebuergesch ze léiren oder net, daat läit jo schlussendlech emmer un deem eenzelnen. Ech kann et verston, daats du dier wenschs ‘Eng Äppeltäsch’ ze son, anstatt ‘une poche aux pommes’. Mais du kanns kengem daat opzwengen. Du kanns daat net an den Staat kann daat net. Ech fannen et och respektlos wann dann d’Vendeuse äntwert: „Eh, quoi, en francais!!!“ (daat dann an engem frechen Toun).

    Jo, respektlos (bon, villäicht ass et och bei e puer en Verteidigungsmechanismus well se e schlecht Gewëssen hunn, dass se net wéinstens e puer Wieder kënnen – mee die meescht wäerten wuel denken: firwat déi puer Wieder vun där Bauresprooch léieren, wann se och franséisch kënnen?). An iergendwéi onsympathesch well ech sécher, soe mer ech giff an Dänemark hannert der Théik stoen, Loscht hätt dann opmanst e Minimum Dänesch ze léieren! An net soen: could you say this in English?

    Mais ech sin awer emmer ganz frendlech wann d’Madame seet: Excusez moi, mais je ne sais pas parler le luxo. Dann denken ech mer: Ok dann, dann eben eng poche aux pommes.

    Ech jo och. Den Toun mécht jo och bekanntlech d’Musek.

    Ech iergeren mech jsut iwwer Letzebuerger, déi all keiers, wann een am Butteck em seet : „Euhm pardon, ech kann keen letzebuergesch“ dann direkt d’Kris pickt (ah, hei schéinen francophonismus )

    Ech iergeren mech net an esou Fäll, ech sinn éischter peinlech beréiert … Well, op dir dat lo gleewt oder net, ech fannen et idiotesch fir an sou enger Situatioun dann sou eng opzeféieren. Ech denken an sou Fäll: ‚Ok, dës Persoun kann mol keng 3 Wieder Lëtzebuergesch. Dat ass schued, mee bon, keen Grond lo hei eng lächerlech Szene ze maachen.‘

    Meeschtens soen ech, wann ech zwousch erakommen ‚Moien‘. Wann déi aner Persoun dann och Moien seet, probéieren ech op Lëtzebuergesch weider. Wann et en ‚Bonjour‘ ass, dann halt op Franséisch.

    Majo daat läit jo dann wuel un daer Minoriteit. Daat läit ganz alleng nemmen dodrun, ob d’Leit hier Sprooch behaalen wellen oder net. Et rett een keng Sprooch andeems een aaneren se opzwéngt.

    Ech schwätzen net vun opzwëngen. Ech schwätzen vun promouvéieren an eng Chance ginn. Se méi sichtbar ze maachen ouni dass dat Net-Lëtzebuerger lo enorm aschränkt (cf Signalisatioun).

    Wann dier d’Sprooch wichteg ass, majo da schwätz du mat dengen Kanner letzebuergesch. Mais huel un, dier wier se egal, obwuels de se kanns…majo dann wier et fir dech jo och keen Verloscht se net ze schwätzen oder se ‘weider liewen ze loossen’.

    Dat schéngt mer evident …

    Et hängt einfach ganz vum Interessi vun den Eenzelpersounen of. Ech fannen, esou eng Werbung fir Letzebuergesch bessen opzwengend. Loos mech dach schwätzen, wei mier d’Zong gewuess ass! Also ech perseinlech gin aggressiv, wann een mier seet: Daat do ass dach keen Letzebuergesch. So dach Paiperléck, net Schmetterling. Fout moi la paix, son ech dann!

    Bon, dat ass déi selwecht Diskussioun déi se an Däitschland oder Frankräich mat engleschen Wieder hunn, oder an den USA mat spueneschen … sou 100% puristesch sinn ech dann och rem net. Obwuel ech et schon méi logesch fannen fir dat ‚richtegt‘ Wuert ze benotzen (allerdëngs geet mer och en Alain Atten op de Geescht, deen uraal Wieder benotzt, déi keng Sau méi versteet 😉 ).

    Ech fannen schon daat et eppes mat back to the roots ze din huet. Letzebuergesch Jugendsprooch ass nunmol geprägt vun Anglizismen, Germanismen e.t.c.

    Dat ass jo usech och ok. D’Sprooch usech ass jo trotzdem ëmmer nach als Lëtzebuergesch ze erkennen 😉 Op eng Sprooch lo ‚pur‘ oder ‚reng‘ soll sinn ass nees eng aner Thematik.

    Ech fannen et emmer iwwerdriwwen, express en letzebuergeschen Ausdrock ze benotzen (deen komplett iwwerliewt ass) nemmen fir Letzebuergesch ze schwätzen. Daat ass komplett onnatierlech. An wann et an 10 Joer onnatierlech ass „Mullebutzen“ ze son, dann fannen ech, datt et einfach net ugebruecht as, deen Ausdrock ze benotzen. Wann dann de Staat oder soss iergendeen mat enger Campagne kennt: Letzebuerger, loosst eis „Mullebutzen“ iessen! Oder sou ähnlech, dann fannen ech daat einfach lächerlech an fortschrettsbremsend.

    Ganz denger Meenung (cf mäin Comment zum Alain Atten). An ech muss zouginn ech wees mol net wat ‚Mullebutzen‘ sinn ……..

    Dann sin ech leiwer dofir, daat een nei letzebuergesch Wierder erfennt.

    Usech absolut d’accord. Ech sinn och ëmmer impressionnéiert iwwert déi nei an deelweis extrem originell Wieder aus der däitscher Jugendsprooch (well déi heiandsdo am Spiegel opgezielt ginn 😉 )!

    Daat wier dach mol en Bäitraag zur letzbuerger Identiteit! Identiteit formeiert sech jo, Identiteit ass näischt statesches. Dofir fannen ech et och onsenneg ze postuleieren, et sollt een alles dofir maan, fir seng Identiteitze bewahren. Ma wann se verschwennt, dann ass et nemmi deng Identiteit, dann kennt alt eng nei. Vläit hun ech och einfach e Problem mam Begreff Kollektividentiteit. Doriwwer muss ech nach nodenken.

    ‚Identitéit‘ ass souwiesou en extrem komplext an philosophescht Thema. Suwuel um Niveau vun der eenzelner Persoun wéi vum Kollektiv …

    Kommentar von Grommel | Dezember 8, 2010

  38. @Isabelle:

    Natierlech net. Firwaat kenns du dann lo domadder?

    Well ech den Film e bëssen eensäiteg fannen. An en gewëss Stereotypen (ouni Erklärungen ze ginn firwat verschidden Läit sinn wéi se sinn) vun den Net-Lëtzebuerger wahrscheinlech verstärkt.

    Ech fannen dat net produktiv, wann d’Ziel ass fir méi Versteesdemech tëschent Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger ze schafen. Mee villäicht ass dat jo och net d’Ziel vum Film?

    Heieren ech do vläit eng gewessen Xenophobie eraus, oder bilden ech mer eppes an?

    Dat bildst du der an. Jeje, kann een dann NIE irgendwéi Auslänner ernimmen oder net permanent zu 100% mat hinnen d’accord sinn ouni direkt als Xenophob (oder Nazi) bezeechent ze ginn??

    Et geet jo net dodrems en Verglach ze zéihen. Et geet net dodrems ze bewerten, ween dann lo besser ass: Den Letzebuerger oder deen aaneren (de Fransous vläit?). Sou eng Bewertung iwwerhaapt firzeschlon ass menger Meenung no relativ ethnozentristesch.
    Also mech schockeiert daat.

    Ech mengen du hues mech falsch verstan. Mäin Punkt woer: Jo, et ginn beschränkt, dämlech Lëtzebuerger. Mee et ginn och beschränkt, dämlech Auslänner.

    Am Film ginn awer nëmmen die beschränkt, dämlech Lëtzebuerger gewiesen.

    Kommentar von Grommel | Dezember 8, 2010

  39. Verbeserung:

    „An en gewëss Stereotypen (ouni Erklärungen ze ginn firwat verschidden Läit sinn wéi se sinn) vun den Net-Lëtzebuerger wahrscheinlech verstärkt.“ sollt heeschen: „An en gewëss stereotyp Usiichten (ouni Erklärungen ze ginn firwat verschidden Läit sinn wéi se sinn), déi Net-Lëtzebuerger vun Lëtzebuerger hunn, wahrscheinlech just verstärkt.“

    Kommentar von Grommel | Dezember 8, 2010

  40. @Grommel: Mir hun Mullebutzen och alt emol fir Puppelcher benotzt, net jhust fir d’Uebst 😉

    „allerdëngs geet mer och en Alain Atten op de Geescht, deen uraal Wieder benotzt, déi keng Sau méi versteet“

    Ech liesen enorm gaeren alt emol am „Renert“ vum M.Rodange, mee do verstinn ech leider och esou munch Wieder net. 😦

    Kommentar von CK | Dezember 8, 2010

  41. CK:

    Mir hun Mullebutzen och alt emol fir Puppelcher benotzt, net jhust fir d’Uebst

    Ah, dat sinn die kleng, roud Dënger!

    Ech fannen jo Wieder wéi Intebinni bësser 😉

    Kommentar von Grommel | Dezember 8, 2010

  42. Interessant Fro a Punkto Mammesproch(en): http://engelmann.uni.lu/wordpress/?p=374

    Kommentar von Grommel | Dezember 8, 2010

  43. @ Grommel:

    Majo secher ass den Film eesäiteg, mais wisou ass daat dann eng negativ Saach? Et geet jo eben em ONS Identiteit. Waat huet dann do Kritik um Auslänner eppes ze sichen? Ech fannen daat wier absolutt off-topic.

    Kommentar von isabelle | Dezember 9, 2010

  44. @Isabelle:

    Majo secher ass den Film eesäiteg, mais wisou ass daat dann eng negativ Saach? Et geet jo eben em ONS Identiteit. Waat huet dann do Kritik um Auslänner eppes ze sichen? Ech fannen daat wier absolutt off-topic.

    Ech fannen et eng negativ Saach well de Film jo och, mat Ennertitelen, den Net-Lëtzebuerger soll gewiesen ginn. Déi sech dann an hieren (Vir-)Urteeler bestätegt fillen oder eng ondifferenzéiert Vue vum ‚Lëtzebuerger‘ kréien. Wat soll dat also bréngen? Weem ass domadder gehollef, dass een dann soen kann: „Haha, jo, kuck die Bauren, kuck die Ieselen! Wat sinn die Lëtzebuerger dach fir Toperten!“?

    Well de Film stellt et jo sou duer wéi wann dat do ‚den Lëtzebuerger‘ wier. Wat jo falsch ass. Et ass en DEEL vun de Lëtzebuerger, oder eng gewëss Zort Lëtzebuerger. Awer nach laang net all.

    Dat ass e bëssen wéi wann een e Film iwwert Rietsradikaler zu Dresden giff dréinen a giff behaapten dat giff ‚den Däitschen‘ repräsentéieren. Et ass einfach net subtil. En plus ginn weder d’Problematik vun der Integratioun an engem klengen Land ugaang nach déi vun der Sproochensituatioun. Dat ass halt substantiell anescht wéi an groussen Länner.

    Vill besser hätt ech e Film fonnt, wou suwuel d’Fehler vun de Lëtzebuerger wéi och vun de LNet-ëtzebuerger opgewiesen ginn wieren. Idealerweis mat enger Suggestioun wéi een d’Situatioun zesummen verbesseren kéint.

    Mee dat ass natierlech méi schwéier an net sou polemesch.

    Kommentar von Grommel | Dezember 10, 2010

  45. @Grommel,

    Et ass dier vlait net opgefall, mee de Film ass eng Satir a keen Dokumentarfilm…

    Kommentar von G. | Dezember 10, 2010

  46. Hunn den Film elo endlech gekuckt. Ass wirklech net iwwel 🙂

    @G.: De Grommel ass leider net emmer een humorvollen Mensch 😉

    Kommentar von CK | Dezember 11, 2010


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden / Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden / Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden / Ändern )

Google+ Foto

Du kommentierst mit Deinem Google+-Konto. Abmelden / Ändern )

Verbinde mit %s

%d Bloggern gefällt das: