L for Liberty

…because liberty is not negotiable.

Resolution zum Goldstone-Report nimmt UN-Hürde

Im UN-Menschenrechtsisraelverdammungsrat wurde getagt, und Überraschung: Israel wurde abgewatscht. 25 der 47 Mitglieder stimmten für die Resolution, 6 dagegen und 11 enthielten sich.

Unter den 25 Ländern, welche mit „Yes“ stimmten, sind jede Menge Bekannte (Quelle). Die üblichen Verdächtigen eben.

Haaretz schreibt:

The Palestinian Authority would not oppose the prosecution of Hamas militants on war crimes charges at the International Criminal Court, Israel Radio on Saturday quoted the PA’s ambassador to the United Nations in Geneva as saying.

Leider hat aber die Fatah im Gaza-Streifen nicht sehr viel zu melden, zweitens wo die UN nichts anklagt, wird auch niemand belangt:

Goldstone told the Swiss newspaper Le Temps before the vote that the wording of the resolution was unfortunate because it included only censure of Israel. He voiced hope that the Human Rights Council would alter the wording of the draft.

Ist Goldstone echt so naiv? Mit diesem Ausgang war zu rechnen.

Und hier die Worte von jemandem, der es wissen sollte:

(via UN-Watch)

Auch lesenswert:
Best of Goldstone I
Best of Goldstone II
Best of Goldstone III
Best of Goldstone IV

Oktober 18, 2009 - Posted by | Israel, Pluralismus | ,

35 Kommentare »

  1. Israel selwer ass awer, selon dir, nie am Fehler, gell?

    Israel kann och einfach, par definition an par défaut, keng Krichsverbriechen begoen, oder?

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  2. > Israel selwer ass awer, selon dir, nie am Fehler, gell?

    Natierlech kann an huert Israel an de läschte 61 Joer och Fehler gemaa, awer daat ass hei net de sprangende Punkt. Hei geet et em d’Eesäitegkeet vun der UN.

    Kommentar von JayJay | Oktober 18, 2009

  3. @Grommel: Een Staat ass emmer een Abstraktum. Natirlech ginn et genuuch Staaten déi systematesch Verbriechen begaangen hunn an begoen, mee Israel gehéiert do effektiv definitiv net derzou. Alles, wat an daer Hinsicht virbruet ginn ass, wuar een Witz. Googel no „Massaker vun Jenin“ an Du gesais wéi Pallywood operéiert.

    Natirlech heescht datt net datt net och een israeleschen Staatsvertrieder een Verbriechen, och een Kriichsverbriechen, begoen kann an esou Fäll sinn leider och schons virkomm, mee se ginn dann wéinstens sanktionéiert an net nach gefeiert. Et gett israelesch Zaldoten, déi an israeleschen Gefängnisser setzen, well se- wann och net mat bewosster Ofsicht, esou dach aus Noléissegkeet- Kanner erschoss hunn. Oder déi Geschicht mat dem Zaldot, deen bestroft gouw, well en een Gummigeschoß op de Fouss vun engem Inhaftéierten ofginn huet.

    Feeler sinn iwwregens keng Kriichsverbriechen, dat muss de schons vuneneen trennen an Feeler huet Israel der secher genuuch gemach.

    Kommentar von CK | Oktober 18, 2009

  4. JJ:

    Ah, déi béiss UNO nees. Sécher sie ass net perfekt, mee léiwer eng Welt mat UNO, wéi eng ouni. An de Staat Israel, geschaafen aus dem Westen sengen Scholdgefiller, ass halt einfach eng komplex an komplizéiert Entitéit, historesch, geographesch a politesch. D’Schold un deem Schlamassel läit awer natierlech net alleng bei Israel.

    CK:

    Papperlapp. Israel huet och Krichsverbriechen begaangen an sech och soss oft net grad ethesch verhalen. Dat ass eng Tatsaach. Solle mer lo wierklech d’Beweiser dofir an dogéint sichen? Dat gët eng endlos Diskussioun.

    Du bass Israelfan. Ok, schéin. Ech gesinn d’Saach méi nuancéiert.

    Am rezenten Libanonkrich hunn béid Säiten zb Stréibommen agesat: „Im Laufe des Libanonkrieges 2006 wurden von beiden kriegsführenden Parteien, Israel und der Hisbollah, Streubomben eingesetzt. Bei israelischen Luftangriffen im Libanon eingesetzten Streubomben wurden nach Angaben des Mine Action Co-Ordination Center of South Libanon (MACC SL) der Vereinten Nationen 378 Einschlagsgebiete ermittelt.“

    Dat ass verwerflech a net an der Réi, vun béiden Säiten.

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  5. En plus sinn israelesch Hardliner wéi den Netanjahu an den Lieberman eppes wéi fiischt Dreem fir d’Hisbollah an aner Extremisten.

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  6. > An de Staat Israel, geschaafen aus dem Westen sengen Scholdgefiller

    Du bass der schonns bewosst, datts du d’Existenzrecht vun Israel domat a Fro stells, wannste sou d’Saach hibéis?

    > En plus sinn israelesch Hardliner wéi den Netanjahu an den Lieberman eppes wéi fiischt Dreem fir d’Hisbollah an aner Extremisten.

    Déi „Hardliner“ génge bei Hamas & Co vum Westen als „moderater“ an „dialogbereet“ gefeiert ginn.

    Kommentar von JayJay | Oktober 18, 2009

  7. JJ:

    1. Stëmmt et dann net? Gouff Israel net do, zu dem Zäitpunkt, geschaafen, fir d’Judden fir den Holocaust (an generellen europäeschen Anti-Semitismus) ze kompenséieren? Oder firwat ass Israel dee Moment gebuer ginn?

    Ech hunn och näischt géint en israeleschen Staat. Just ass et net verwonnerlech, dasset zu Problemer kënt, wann een deen urplötzlech op eng Plaz planzt, wou virdrun aner Läit gewunnt hunn. Idealerweis sollten d’Judden wéi aal aner Läit (op religéis oder net) an all Land fräi liewen kënnen ouni e Staat ze brauchen, deen sech alleng duerch hier RELIGIOUN definéiert.

    2. Ännert dat eppes um Wourechtsgehalt vun menger Ausso?

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  8. JJ:

    Fenns du et ok, dass Israel Stréibommen asetzt?

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  9. 1. D’Geschicht vun der jüdescher Awanderung an Palestina ass schonns iwwer 50 joer mi aal wi d’Grennung vum israelesche Staat. Zum Zäitpunkt vun der Grennung wore schonns vill Léit agewandert. Do ass näischt „urplötzlech“. An jo, se sollten iwwerall lierwe kennen, nemmen ass daat ziemlech schwéier, wann ee sech di jüdesch Geschicht ukuckt. Do vun „Kompensatioun“ ze schwätzen gett der Geschicht net gerecht & ass ganz no un antisemiteschen Verschwörungstheorien.

    2. Jo, ganz vill. D’Schold läit no deser Ausso net bei den Hard-Hardlinern (à la Hamas, net bei den Palestinenser, di Meescht welle mat Secherheet einfach nemmen a Rou geloß ginn), mä nees bei de Judden, si si Schold, datt se ugegraff ginn. Du bass et der hoffentlech net bewosst, dattste domatt engem aalen antisemiteschtem Klischee bedings.

    > Fenns du et ok, dass Israel Stréibommen asetzt?

    Neen, ech sinn géint all Krich, awer net zu all Präis. Géigeffro: Fenns du ok, datt sech Israel net wiren dierf? Net seng eege Léit schützen dierf? Waat ass ugemoß? Einfach och wahllos Rakéite riwwer schéissen?

    Kommentar von JayJay | Oktober 18, 2009

  10. „Ah, déi béiss UNO nees. Sécher sie ass net perfekt, mee léiwer eng Welt mat UNO, wéi eng ouni.“

    Iwwert deen Saukoup kann een sech mettlerweil net genuuch opreegen an vu mir aus kinnt déi UNO och roueg opgeléisst ginn an durch eng Liga vun den Demokratien ersat ginn. Eng Schann datt nach westlech Steiergelder geklaut ginn fir een Witz wéi deen Menschenrechtsrot ze finanzéieren. Demnächst grennen Pädophiler een Kannerrechtsrot…

    „An de Staat Israel, geschaafen aus dem Westen sengen Scholdgefiller“

    D´Existenzrecht vun Israel baséiert bai waitem net jhust um Holocaust.

    „Am rezenten Libanonkrich hunn béid Säiten zb Stréibommen agesat“

    An am zweeten Weltkriich hunn d´USA esouguer Nuklearwaffen agesat. An elo?

    Natirlech kann een vu mir aus doriwwer debattéieren op dat noutwendeg wuar oder net, taktesch wéi moralesch, mee esou kloer wéis Du dat hei méchs, ass daat mat de Streibommmen net. Et ass no Kriichsrecht net explizit verbueden (am Géigensatz zu baal allem, wat d´Hamas veranstalt), dermatter ass et och falsch vun Kriichsverbriechen ze schwätzen (iwwregens huet eis NATO am Kosovo och Streibommen agesat), och kann een soen, datt et méi human wir, wéi Alternativen à la Napalm. Et ass ower net nei, datt Leit vun Kriichsverbriechen braddelen ouni sech iwwerhapt jhust ee bessi am Kriichsrecht auszekennen.

    An wann et mol op der Géigensait mol endlech giew een Netanjahu oder een Lieberman ginn, dat wiren Super-Moderater. Deen Blödsinn vun der lénker Press mat Hardliner asw. ass wirklech net méi ze erdroen. Ech schummen mech jo längst derfir, mech jemols „lénks“ genannt ze hunn.

    Kommentar von CK | Oktober 18, 2009

  11. 1a. Wann d’Läit schon éischter agewandert sinn, firwat ass dann net gekuckt ginn fir en Staat ze crééieren, wou Judden an Palästinenser gläichberechtegt wieren? Firwat einfach deenen Läit, déi schon laang dogeliewt hunn, en neien Staat opdrécken? Et ass jo schliesslech net, wéi wann Israel an enger eideler Wüst gegrënnt gi wier … An et bléiwt ëmmer nach eng Konsequenz vum 2. Weltkrich an eng Kompensatioun fir den Holocaust. Ouni den 2. Weltkrich wier Israel net zu deem Zäitpunkt, mat den Ennerstëtzung vun den Europäer, gegrënnt ginn.

    1b. D’Judden sinn historesch gesinn en effet oft ongerecht behandelt ginn, wat och vill d’Schold vum Chrëschtentum ass. Mee op der anerer Säit huet den Judden hieren Usproch op Exklusivitéit an dass sie dat ‚erwieltent Vollek‘ vun deem ‚eenzeg, richtegen Gott‘ hinnen natierlech och net vill Frënn gemaach. Well een domadder indirekt seet, dass die aner all Blanien sinn an een selwer vill besser.

    2. So mer: Wat hunn arabesch Extremisten léiwer? Hardliner wéi den Netanjahu, géint deen sie sech reiwen an géint deen sie efficace hetzen kënnen oder Softien, déi net souvill Ugrëffsfläch bidden? Israelesch Hardliner sinn dee beschten Rekrutéierungstool, deen islamesch Fanatiker sech virstellen kënnen. Dat ass eng Tatsaach.

    3. Just firwetzeg: wouhier kënt deng neokonservativ Unhimmelung vun Israel?

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  12. CK:

    > Iwwert deen Saukoup kann een sech mettlerweil net genuuch opreegen an vu mir aus kinnt déi UNO och roueg opgeléisst ginn an durch eng Liga vun den Demokratien ersat ginn. Eng Schann datt nach westlech Steiergelder geklaut ginn fir een Witz wéi deen Menschenrechtsrot ze finanzéieren.

    Eng Liga vun den Demokratien? A wéi soll dat funktionnéieren? Wéi sollen déi op die aner, déi die exclus sinn, Afloss huelen?

    An du schéngs jo vill clever Iddien ze hunn, duerfir huelen ech un du bass an der Politik engagéiert? Oder späitz du hei just grouss Téin?

    > D´Existenzrecht vun Israel baséiert bai waitem net jhust um Holocaust.

    Wouropper dann? An bestreits du, dass den Holocaust ausschlaggebend woer, dass d’Judden dunn awer hieren eegenen Staat kruuten?

    > Et ass no Kriichsrecht net explizit verbueden (am Géigensatz zu baal allem, wat d´Hamas veranstalt), dermatter ass et och falsch vun Kriichsverbriechen ze schwätzen (iwwregens huet eis NATO am Kosovo och Streibommen agesat)

    Oh, a just well eppes net explizit verbueden ass, mécht dat et moralesch ok??

    > och kann een soen, datt et méi human wir, wéi Alternativen à la Napalm

    Kloer. Mee woer et dofir néideg oder moralesch ze rechtfertegen?

    > An wann et mol op der Géigensait mol endlech giew een Netanjahu oder een Lieberman ginn, dat wiren Super-Moderater. Deen Blödsinn vun der lénker Press mat Hardliner asw. ass wirklech net méi ze erdroen. Ech schummen mech jo längst derfir, mech jemols „lénks“ genannt ze hunn.

    Mat Läit wéi dem Netanjahu an dem Lieberman ass keng Léisung ze fannen.

    An jo, du bass en effet net méi lenks. Du bass éischter ferme riets (awer natierlech ouni antisemitesch ze sinn).

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  13. An d´Judden sinn net jhust eng Religiounsgrupp, mee och een Vollek an Israel definéiert sech durchaus als säkularen Staat, fir déi Ethnie allerdéngs eben primär. Israel ass jo och een Rechts- an keen Gottesstaat.

    Och sinn vill vun den soug. Palästinenser genausou Migranten gewiecht, well dat wuar een zimmlech entvölkerten Landstrech am 19ten Jorhonnert.

    Kommentar von CK | Oktober 18, 2009

  14. CK:

    > An d´Judden sinn net jhust eng Religiounsgrupp, mee och een Vollek an Israel definéiert sech durchaus als säkularen Staat, fir déi Ethnie allerdéngs eben primär.

    All Ethnie huet also Recht op en eegenen Staat?

    > Israel ass jo och een Rechts- an keen Gottesstaat.

    Glécklecherweis. Eng Rëtsch religéis Judden wéilten awer e Gottesstaat hunn.

    > Och sinn vill vun den soug. Palästinenser genausou Migranten gewiecht, well dat wuar een zimmlech entvölkerten Landstrech am 19ten Jorhonnert.

    Referenz?

    An, bass du dann lo an der Politik engagéiert oder schwëngs du nëmmen hei grouss Rieden?

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  15. 1a. Ass noom WW2 gemaa ginn. D’Araber hunn oofgelehnt an 1948 den neie Staat ugegraff. Palestina wor eng ziemlech eidel Plaatz firun 100 Joer. Net menschenleer, awer och net dicht besiedelt. An et kann een net soen, datt Isreal net gegrennt gi wier ouni d’Shoah. Daat ass Spekulatioun, di gären vun zweifelhafte Säite kennt. Di Leit, di agewandert sinn, woren jo dohi gaangen, an sinn net dohi gesaat ginn (och wann antisemitesch Verschwörungstheoretiker daat gäre sou gesinn). Bei sou engem grouße Grupp vu Léit mat der nämmlechter Idee hätt sech sou oder sou een Staat gegrennt.

    1b. D'“erwierltent Vollek“ ass mettlerweil keng jüdesch Selbstbezeeschnung, mä gett haaptsächlech vun den Antijudaiste gebraucht. Den Therm ass reng theologesch ze verstoen an net, wi d’Antisemiten et maan, et als eng selbsternannten Sonderstellung ze definiéieren.

    2. Emgedreit kann een argumentéieren, datt emmer, wann den Extremisten de klénge Fanger gereescht ginn ass, si di ganz Hand geholl hunn. Z.B. 2005 ass de Gaza geraumt ginn, d.h. d’IDF huert sech zereckgezunn, d’Besetzung haat een Enn, a promt sinn d’Extremisten un de Rudder komm.

    3. blabla „neokonservativ Unhimmelung“ blabla, net muss een net op Du mam Bush & Co sinn fir Isreal ze ennerstetzen. Ech sinn Pro-Israel aus verschiddene Grenn: vill geliers (vun alle Säiten, vun Herzl bis Finkelstein) an Interêt fir jüdesch Kultur & Geschicht.

    Kommentar von JayJay | Oktober 18, 2009

  16. „firwat ass dann net gekuckt ginn fir en Staat ze crééieren, wou Judden an Palästinenser gläichberechtegt wieren?“

    Een gemeinsamen Staat wuar leider net (méi) méiglech. Aus diversen Grenn net. Lies w.e.g. selwer no wéisou net! Esou Experimenter sinn jo och leider oft gescheitert oder hunn zu Birgerkriich gefouert (Libanon, Jugoslawien.) Mee am heitegen Israel hunn d´Araber jo ower och déi glaich Rechter wéi d´Juden. Do sinn se glaichberechtegt.

    „Well een domadder indirekt seet, dass die aner all Blanien sinn an een selwer vill besser.“

    Dat seet all Religioun. D´Chreschten hunn och hiren „Sohn Gottes“, nemmen si wossten ween den Messias wir. Ech als Atheist leen derfir och all Religioun fir mech of, respektéieren ower all Religioun, déi mech mat Rou léisst.

    „Wouhier kënt deng neokonservativ Unhimmelung vun Israel?“

    Fir mech ass daat einfach gesonden Menschenverstand. Ech kucken mer Israel un, ech kucken mer déi aner Staaten donidden un (alles Diktaturen!) et voilà… Do muss ech keng Fra an keen Schwulen oder- wéis Du mengs- een Neocon derfir sinn 😉

    „Wéi sollen déi op die aner, déi die exclus sinn, Afloss huelen?“

    Bilateral Verdréig bspw. Ausserdem lauschteren déi sws net op eis.

    „duerfir huelen ech un du bass an der Politik engagéiert?“

    An enger Partei bewosst net, och wann ech genuuch Offren vun LSAP bis ADR schons kritt hunn. Main Engagement gellt LfL.

    „Wouropper dann? An bestreits du, dass den Holocaust ausschlaggebend woer, dass d’Judden dunn awer hieren eegenen Staat kruuten?“

    Dat kann een och noliesen. Bspw. op d´Balfour-Deklaration. Op dat natirlech Selbstbestemmungsrecht vum jiddeschen Vollék. Ouni den HC haett et vlait jhust méi laang gedauert bis hin zu engem Staat.

    „Oh, a just well eppes net explizit verbueden ass, mécht dat et moralesch ok? (…) Mee woer et dofir néideg oder moralesch ze rechtfertegen?“

    Eischt Fro: Nee.
    Zweet Fro: Schwiereg. A discuter. Datt ass fir mech eng moralesch Grauzon.

    „Mat Läit wéi dem Netanjahu an dem Lieberman ass keng Léisung ze fannen.“

    Ass kompletten Humbug, wann een weess woufir den Netanjahu wirklech steet.

    „An jo, du bass en effet net méi lenks. Du bass éischter ferme riets“

    Jo, gottseidank net. Riets sinn ech ower och net.

    Kommentar von CK | Oktober 18, 2009

  17. „All Ethnie huet also Recht op en eegenen Staat?“

    Wann deen jeweilegen Staat Individualrechter respektéiert, giew ech durchaus Jo soen.

    „Eng Rëtsch religéis Judden wéilten awer e Gottesstaat hunn.“

    Déi sinn wait vun enger Majoritéit ower ewesch.

    Kommentar von CK | Oktober 18, 2009

  18. JJ:

    > Ass noom WW2 gemaa ginn. D’Araber hunn oofgelehnt an 1948 den neie Staat ugegraff.

    An d’Israeli hätten e ‚Power-Sharing‘ an deem neien Staat erlaabt??

    > D’“erwierltent Vollek“ ass mettlerweil keng jüdesch Selbstbezeeschnung, mä gett haaptsächlech vun den Antijudaiste gebraucht. Den Therm ass reng theologesch ze verstoen an net, wi d’Antisemiten et maan, et als eng selbsternannten Sonderstellung ze definiéieren.

    Et bléiwt awer e Fait, dass d’Judden historesch, a verschiddener och nach haut, sech als dat ‚erwieltent Vollek‘ gesinn an och doropper stolz woeren. Oder bezweifels du dat?? An dass dat, gekoppelt mat chrëschtlechem Anti-Semitismus, huet natierlech zu Problemer geféiert.

    > Emgedreit kann een argumentéieren, datt emmer, wann den Extremisten de klénge Fanger gereescht ginn ass, si di ganz Hand geholl hunn. Z.B. 2005 ass de Gaza geraumt ginn, d.h. d’IDF huert sech zereckgezunn, d’Besetzung haat een Enn, a promt sinn d’Extremisten un de Rudder komm.

    D’Extremisten sinn aus villen Grënn un de Pouvoir komm. Haaptsächlech och, well sie déi eenzeg sinn/woeren, déi sech em d’Läit gekëmmert hunn, hier Häiser nees opgebaut hunn, etc. D’Hamas ass net nëmmen en Terrorgrupp.

    > blabla „neokonservativ Unhimmelung“ blabla, net muss een net op Du mam Bush & Co sinn fir Isreal ze ennerstetzen. Ech sinn Pro-Israel aus verschiddene Grenn: vill geliers (vun alle Säiten, vun Herzl bis Finkelstein) an Interêt fir jüdesch Kultur & Geschicht.

    Wéi bass de dann dozou komm fir souvill zionistesch Literatur ze liesen an dech fir jiddesch Kultur a Geschicht ze interesséieren? Ass jo keen alldeeglechen Hobby.

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  19. CK:

    > Een gemeinsamen Staat wuar leider net (méi) méiglech. Aus diversen Grenn net. Lies w.e.g. selwer no wéisou net! Esou Experimenter sinn jo och leider oft gescheitert oder hunn zu Birgerkriich gefouert (Libanon, Jugoslawien.) Mee am heitegen Israel hunn d´Araber jo ower och déi glaich Rechter wéi d´Juden. Do sinn se glaichberechtegt.

    Kommen spéider doropper zeréck.

    > Dat seet all Religioun. D´Chreschten hunn och hiren „Sohn Gottes“, nemmen si wossten ween den Messias wir. Ech als Atheist leen derfir och all Religioun fir mech of, respektéieren ower all Religioun, déi mech mat Rou léisst.

    Du kanns awer haut a geschter, um religéisen Plang, net einfach sou vergläichen!

    > Fir mech ass daat einfach gesonden Menschenverstand. Ech kucken mer Israel un, ech kucken mer déi aner Staaten donidden un (alles Diktaturen!) et voilà… Do muss ech keng Fra an keen Schwulen oder- wéis Du mengs- een Neocon derfir sinn

    Mee du schéngs JUST dat Positivt vun Israel ze gesinn an dat Negativt ze ignoréieren.

    > Bilateral Verdréig bspw. Ausserdem lauschteren déi sws net op eis.

    Dat kléngt no engem duerchduechtenen politeschen Konzept …

    > An enger Partei bewosst net, och wann ech genuuch Offren vun LSAP bis ADR schons kritt hunn. Main Engagement gellt LfL.

    Ah, duecht ech mer. Privat ass et jo och liicht Utopien opzebauen an als ‚Léisung‘ unzepreisen …

    > Dat kann een och noliesen. Bspw. op d´Balfour-Deklaration. Op dat natirlech Selbstbestemmungsrecht vum jiddeschen Vollék. Ouni den HC haett et vlait jhust méi laang gedauert bis hin zu engem Staat.

    Huet all Vollek d’Selbstbestemmungsrecht? A wéi definéiers de ‚Vollek‘?

    > Eischt Fro: Nee.
    > Zweet Fro: Schwiereg. A discuter. Datt ass fir mech eng moralesch Grauzon.

    Opmanst bass de éierlech.

    > Ass kompletten Humbug, wann een weess woufir den Netanjahu wirklech steet.

    Woufir steet hien dann? Selon dir?

    > Jo, gottseidank net. Riets sinn ech ower och net.

    Wat bass de dann? En Utopist?

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  20. CK:

    > Wann deen jeweilegen Staat Individualrechter respektéiert, giew ech durchaus Jo soen.

    A wat wann op engem Territoire verschidden Ethnien sinn an déi hieren eegenen Staat wëllen hunn?

    > Déi sinn wait vun enger Majoritéit ower ewesch.

    Glécklecherwéis. Mee duerfir sinn die zionistesch jo méi staark.

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  21. > An d’Israeli hätten e ‘Power-Sharing’ an deem neien Staat erlaabt??

    Daat kann ech net soen. Wahrscheinlech net. Awer wéinstens hätten se engem Territory-Sharing zougestemmt. Di aaner Säit awer net mol dem.

    > Oder bezweifels du dat??

    All Relioun hällt sech fir een auserwierltend Vollek. Nemmen bei de Judde schéngt daat awer eng Roll ze spillen.

    > D’Extremisten sinn aus villen Grënn un de Pouvoir komm.

    Aha, soll ech se lo dowéinster gutt fannen?

    > Ass jo keen alldeeglechen Hobby.

    (Finkelstein ass alles aanescht als een Zionist.) Ech sinn am Studium mat der jüdescher Opklärung a Beréierung komm an hunn och eng Rei Jiddesch-Seminärer besicht. Et interesséiert mech einfach.

    > Du bass éischter ferme riets

    Hm…fir oppe Grenzen, géint Diskriminéierung, fir Fräiheet vum Eenzelnen a Punkto Oofdreiwung an Drogen an Beruffswahl an Schoulwahl etc. Schéin Définitioun vu „rierts“.

    Kommentar von JayJay | Oktober 18, 2009

  22. JJ:

    > Daat kann ech net soen. Wahrscheinlech net. Awer wéinstens hätten se engem Territory-Sharing zougestemmt. Di aaner Säit awer net mol dem.

    Wat hätt dat konkret bedéit? EEN Land mee ZWEE Territoiren? Firwat net ZWEE Länner? Wou natierlech d’Palästinenser och Kompromëssbereetschaft missten, oder hätten missten, wéisen. An domadder dinn se sech en effet och schwéier.

    > All Relioun hällt sech fir een auserwierltend Vollek. Nemmen bei de Judde schéngt daat awer eng Roll ze spillen.

    Mee d’Judden, am Géigensaz zu aneren, invitéieren aner Läit net an fir Judd ze ginn. Sie sinn gären en elitären Club. Religiounen wéi den Islam oder, fréier, d’Chrëschtentum sinn do natierlech op deem aneren Extrem: Konversioun par force. Wat mir perséinlech manner gefällt. Ech soen just, dass wann een sech als ‚Vollek‘ oder ‚Ethnie‘ als eppes besseres oder ausgewieltenen fënnt, da geet een sech onnetz Neid a Konfrontatioun sichen … Mee dat woeren natierlech net die eenzeg Grënn fir Anti-Semitismus. Do huet d’Neit Testament eng vill méi grouss Roll gespillt.

    > Aha, soll ech se lo dowéinster gutt fannen?

    Nee. Mee dat wéist, dass net alles sou schwaarz a wäiss ass, wéi dir hei behaapt.

    > Ech sinn am Studium mat der jüdescher Opklärung a Beréierung komm an hunn och eng Rei Jiddesch-Seminärer besicht. Et interesséiert mech einfach.

    Fair enough. Wat hues de dann studéiert, wann ech froen däerf?

    An d’Läit interesséieren sech jo fir vill verschidden Saachen …

    > Hm…fir oppe Grenzen, géint Diskriminéierung, fir Fräiheet vum Eenzelnen a Punkto Oofdreiwung an Drogen an Beruffswahl an Schoulwahl etc. Schéin Définitioun vu „rierts“.

    Ok, du bass dann just a verschiddenen Punkten éischter riets/neokonservativ agestallt.

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  23. JJ:

    Bass du dann an enger Partei aktiv oder dreems du och léiwer privat?

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  24. > Bass du dann an enger Partei aktiv oder dreems du och léiwer privat?

    Relevanz? An selver?

    Kommentar von JayJay | Oktober 18, 2009

  25. > Ok, du bass dann just a verschiddenen Punkten éischter riets/neokonservativ agestallt.

    Daat nennt ee liberal. De Politesche Spektrum huert nach eng drett Alternativ, di net an deen simplifizistegen lénks-rierts-System passt: Fräigab vun der Wirtschaft (di di Lénk welle kontrolléieren) & Fräigab vun der Ideologie (di di rierts wellen kontrolléieren).

    Kommentar von JayJay | Oktober 18, 2009

  26. JJ:

    > Relevanz? An selver?

    Nö, sinn a kengen. Spillen heiandsdo mam Gedanken, mee fannen da keng oder sinn net motivéiert genuch.

    Mee dir schéngt jo och vill méi präzise politesch Usiichten an Iddien ze hunn wéi ech, duerfir erstaunt et mech, dass der dann net och politesch aktiv sitt.

    Well (politesch) Utopien ze erdreemen ass einfach. Se ze realiséieren ass jo den sprangenden Punkt. Falls se dann realiséierbar wieren!

    Et ass ëmmer liicht ze soen: d’UNO ass Sch*ss (wat richteg oder falsch ka sinn) a meng Alternativ wier besser oder Anarchie ass die bescht Gesellschaftsform etc, wann een et net ze beweisen brauch …

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  27. JJ:

    > Daat nennt ee liberal. De Politesche Spektrum huert nach eng drett Alternativ, di net an deen simplifizistegen lénks-rierts-System passt: Fräigab vun der Wirtschaft (di di Lénk welle kontrolléieren) & Fräigab vun der Ideologie (di di rierts wellen kontrolléieren).

    Liberalismus ass awer och net der Weisheit letzter Schluss. Och deen huet, genau wéi die aner Systemer, seng Vir- an Nodeeler.

    Du wiels also DP?

    Kommentar von Grommel | Oktober 18, 2009

  28. > Nö, sinn a kengen. Spillen heiandsdo mam Gedanken, mee fannen da keng

    Idem. Et gett hei am Land keng Partei, mat där ech mech kann identifizéieren.

    Politesch aktiv ass ee schonns, andeem een einfach seng Positioun vertrett. Ech gesinn nach emmer net d’Relevanz vun deser Fro, dierf een keng Meenung hunn, keng „Utopie“ (alles ass Utopie) vertrierden ouni an enger Partei ze sinn? Jiddereen mescht daat, souguer wann en net well, vertrett een emmer eppes.

    > Liberalismus ass awer och net der Weisheit letzter Schluss.

    Awer besser wi Theokratien an Diktaturen oder Stalinismus. A firun allem méi schlesseg wi aaner Gesellschaftsmodeller, di ziemlech willkürlech sinn. Mä Demokratie, schlanke Staat an d’Fräiheet wann ee well z.B. e sozialistege Kibbuz ze grennen oder soss eng Lierwensweis ze wierlen erlaabt nemmen di liberal Theorie.

    > Du wiels also DP?

    Villäit.

    Kommentar von JayJay | Oktober 18, 2009

  29. „Du kanns awer haut a geschter, um religéisen Plang, net einfach sou vergläichen!“

    Wourobber wells Du egtl. eraus? Dat een all Relioun, och d´Judentum, daerf kritiséieren? Do wir ech Denger Meenung.

    „Mee du schéngs JUST dat Positivt vun Israel ze gesinn an dat Negativt ze ignoréieren.“

    Secher net. Wann ech Israeli wir, haett ech secher genuuch u mengem Staat ze kritiséieren.

    „Dat kléngt no engem duerchduechtenen politeschen Konzept …“

    Am Ufank ass emmer jhust eng vag Iddi. Esou wéi d´Weltgemeinschaft vum Wilson. Leider ass aus deem interessanten Projet UNO eppes ginn, wat ech schockéierend fannen an all Demokrat misst erzürnen. Derhir fannen ech déi Iddi mat der Liga vun Demokratien vum McCain haut durchaus interessant.

    „Huet all Vollek d’Selbstbestemmungsrecht? A wéi definéiers de ‘Vollek’?“

    All Individuum huet u sech een Selbstbestemmungsrecht. Als Vollék definéiert sech wuel eng Grupp vun Individuen, déi sech als solcht betruet (durch gemeinsam Kultur, Sprooch, Relioun oder Geschicht bspw.) An all Vollék sollt mMn een Selbstbestemmungsrecht hun (wat zu enger eegener Natioun féieren kann, ower net muss, et gett jo durchaus och Wellensnatiounen, déi multiethnesch sinn), ESOULAANG et dat héichergestaltent Selbstbestemmungsrecht vum Individuum respektéiert an friddlech mat aneren Völker liewen well.

    „A wat wann op engem Territoire verschidden Ethnien sinn an déi hieren eegenen Staat wëllen hunn?“

    Da muss een eng friddlech Léisung zesummen fannen. Esou Konflikter hu mir da jo leider genuuch.

    „Woufir steet hien dann? Selon dir?“

    Fir eng vernünfteg Aussenpolitik. Secherheet vun Israel geet fir. Friddensverhandlungen mat den Palästinenser: jo, wann se de Staat Israel unerkennen an bereed sinn, een onofhängegt, demilitariséiert Palästina op d´Been ze stellen.

    „Liberalismus ass awer och net der Weisheit letzter Schluss.“

    Dach, well Liberalismus eben grad keng starr Ideologie ass, déi alles virschreiwt, mee eng Metaideologie, déi et erlaabt sech open an flexibel un eng dynamesch Emwelt unzepassen. Een liberalt System ass an allen Hinichten allen aneren emmer iwwerleen.

    „Du wiels also DP?“

    Ech jo (mettlerweil jhiddferfalls). Als datt fir mech geréngsten Iwwel hei am Land, mee ech hunn genuuch un der DP auszesetzen. Iwwregens muss een mMn net an enger Partei sinn fir sech politesch ze engagéieren. Et gett och APOen an NGOen. An eben déi véiert Macht an enger Demokratie (d´Medien.)

    LfL huet vlait jhust een minimalen Impakt, mee an enger Partei bass de och jhust een kléngt Riedchen. Ech sinn och keen Utopist an dreemen och secher net. Grad bei desem Thema Nahostkonflikt net, wou nämlech déi meescht Europaer leider d´Dreemerten sinn. Bezeechnen dinn ech mech selwer als klassesch Liberalen mat Sympathien ower och fir libertär-sozialistesch Iddien.

    Kommentar von CK | Oktober 18, 2009

  30. JJ:

    > Politesch aktiv ass ee schonns, andeem een einfach seng Positioun vertrett. Ech gesinn nach emmer net d’Relevanz vun deser Fro, dierf een keng Meenung hunn, keng „Utopie“ (alles ass Utopie) vertrierden ouni an enger Partei ze sinn? Jiddereen mescht daat, souguer wann en net well, vertrett een emmer eppes.

    Ech wollt domadder soen, dass et méi einfach ass fir Utopien als bescht Léisung ze declaréieren, wéi ze probéieren sou Utopien real ze man. Dat schéngt mir op dësem Blog oft gemaach ze ginn.

    > Awer besser wi Theokratien an Diktaturen oder Stalinismus. A firun allem méi schlesseg wi aaner Gesellschaftsmodeller, di ziemlech willkürlech sinn. Mä Demokratie, schlanke Staat an d’Fräiheet wann ee well z.B. e sozialistege Kibbuz ze grennen oder soss eng Lierwensweis ze wierlen erlaabt nemmen di liberal Theorie.

    Liberalismus ass wahrscheinlech och bësser wéi sech permanent mam Hummer op de Kapp ze schloen …

    Liberalismus präkoniséiert jo awer, zb, Wirtschaftsdarwinismus, richteg? Oder ass do och eppes virgesinn fir déi Schwaach an der Gesellschaft ze ënnerstëtzen?

    Funktionnéieren Kibuzze dann esou gutt an sinn sou autonom? Oder ass et éischter wéi bei Kommunismus: usech eng gutt Iddi just net realisabel?

    > Villäit.

    Interpretéieren dat als e Jo. Well wat kéins de soss wielen fir denger Linni hei trei ze bléiwen?

    Kommentar von Grommel | Oktober 19, 2009

  31. CK:

    > Wourobber wells Du egtl. eraus? Dat een all Relioun, och d´Judentum, daerf kritiséieren? Do wir ech Denger Meenung.

    Dat stëmmt zwar och, mee wat ech soen wollt ass, dass du deng Reaktioun haut net einfach mat Reaktioune vun Läit virun honnert Johren kanns vergläichen. D’Emstänn sinn jo total anescht.

    > Secher net. Wann ech Israeli wir, haett ech secher genuuch u mengem Staat ze kritiséieren.

    Nie dru geduecht auszewanderen? 😉

    > Am Ufank ass emmer jhust eng vag Iddi. Esou wéi d´Weltgemeinschaft vum Wilson. Leider ass aus deem interessanten Projet UNO eppes ginn, wat ech schockéierend fannen an all Demokrat misst erzürnen. Derhir fannen ech déi Iddi mat der Liga vun Demokratien vum McCain haut durchaus interessant.

    De Wilson oder de McCain sinn am Géigensaz zu dier opmanst aktiv Politiker.

    > All Individuum huet u sech een Selbstbestemmungsrecht. Als Vollék definéiert sech wuel eng Grupp vun Individuen, déi sech als solcht betruet (durch gemeinsam Kultur, Sprooch, Relioun oder Geschicht bspw.) An all Vollék sollt mMn een Selbstbestemmungsrecht hun (wat zu enger eegener Natioun féieren kann, ower net muss, et gett jo durchaus och Wellensnatiounen, déi multiethnesch sinn), ESOULAANG et dat héichergestaltent Selbstbestemmungsrecht vum Individuum respektéiert an friddlech mat aneren Völker liewen well.

    Kléngt an der Theorie jo rem gutt an einfach. Just blöd, dass d’Realitéit méi komplex ass, hein?

    > Da muss een eng friddlech Léisung zesummen fannen. Esou Konflikter hu mir da jo leider genuuch.

    An sou friddlech (a gerecht) Léisungen ze fannen ass jo ganz einfach, gell?

    > Fir eng vernünfteg Aussenpolitik. Secherheet vun Israel geet fir. Friddensverhandlungen mat den Palästinenser: jo, wann se de Staat Israel unerkennen an bereed sinn, een onofhängegt, demilitariséiert Palästina op d´Been ze stellen.

    An a Punkto israelesch Siedlungen op emstriddenen Gebidder?

    > Dach, well Liberalismus eben grad keng starr Ideologie ass, déi alles virschreiwt, mee eng Metaideologie, déi et erlaabt sech open an flexibel un eng dynamesch Emwelt unzepassen. Een liberalt System ass an allen Hinichten allen aneren emmer iwwerleen.

    An der Theorie. Wéi gesäit et an der Wierklechkeet aus?

    > Ech jo (mettlerweil jhiddferfalls). Als datt fir mech geréngsten Iwwel hei am Land, mee ech hunn genuuch un der DP auszesetzen. Iwwregens muss een mMn net an enger Partei sinn fir sech politesch ze engagéieren. Et gett och APOen an NGOen. An eben déi véiert Macht an enger Demokratie (d´Medien.)

    Ech huelen du ziels däi Blog zu den ‚Medien‘ an du bass och weder an enger APO nach enger NGO?

    > LfL huet vlait jhust een minimalen Impakt, mee an enger Partei bass de och jhust een kléngt Riedchen. Ech sinn och keen Utopist an dreemen och secher net. Grad bei desem Thema Nahostkonflikt net, wou nämlech déi meescht Europaer leider d´Dreemerten sinn. Bezeechnen dinn ech mech selwer als klassesch Liberalen mat Sympathien ower och fir libertär-sozialistesch Iddien.

    Natierlech vass du en Utopist a dreems gären. Wat hues de dann schon an der REALER Welt probéiert vun dengen Theorien emzesetzen?

    E Blog ze bedréiwen ass liicht. Vill méi liicht wéi sech en effet politesch a gesellschaftlech z’engagéieren.

    Kommentar von Grommel | Oktober 19, 2009

  32. > Oder ass do och eppes virgesinn fir déi Schwaach an der Gesellschaft ze ënnerstëtzen?

    Fir di 1000000ste Kéier: Jo, ass. Weeste: eng Diskussioun ass schwéier, wann een emmer als eischt mol muss deem Aaneren seng Virurteeler erklären.

    > Kibuzze

    E Kibbuz fonktionéiert a klénger Rumm, Problem gett et, wann en ze grouß an domatt zefill bürokratiséiert gett.

    > Kléngt an der Theorie jo rem gutt an einfach.
    > Just blöd, dass d’Realitéit méi komplex ass, hein?

    Mat deser Prämisse messte Faschismus Tür und Tor op. Daat ass d’Basis vum Relativismus. Do muss philosophesch ugesaat ginn an net mat Trallalla-„mir-maachen-waat-eis-gutt-erschéngt-och-wann-dodurch-alles-méi-schlecht-gett“.

    > An a Punkto israelesch Siedlungen op emstriddenen Gebidder?

    Ass och schonns 100000x gesooot ginn, datt mer daat net gutt heeschen. Dattste rem domatt kenns, wéist mer, dattste entweder vergierßlech oder net un enger Diskussion interesséiert bass.

    > Dat schéngt mir op dësem Blog oft gemaach ze ginn.
    (…)
    > sinn am Géigensaz zu dier
    (…)
    > Natierlech vass du en Utopist a dreems gären.
    > Wat hues de dann schon an der REALER Welt probéiert vun dengen Theorien emzesetzen?
    (…)
    > E Blog ze bedréiwen ass liicht.
    > Vill méi liicht wéi sech en effet politesch a gesellschaftlech z’engagéieren.

    Da maach däin eegene Blog och zou, du kanns och näischt maachen iwwer oder géint villes, waats du schreiws. Et geet eis als eischt mol em een Opmierksam maachen, daat ass d’Basis vun all Demokratie, um „Terrain“, net an der Partei.
    Sorry, sou perséinlech Attacken sinn net néideg. Mer hunn héiflech op den Froen an Firwerf geäntwert. Wannste se net wells, beennege mer hei d’Diskussioun.

    -CLOSED- (virleefeg)

    Kommentar von JayJay | Oktober 19, 2009

  33. „Dat stëmmt zwar och, mee wat ech soen wollt ass, dass du deng Reaktioun haut net einfach mat Reaktioune vun Läit virun honnert Johren kanns vergläichen. D’Emstänn sinn jo total anescht.“

    An genau derwéinster hunn esou Argumenter an heitegen Diskussionen iwwer Israel asw. naischt méi verluer.

    „Nie dru geduecht auszewanderen?“

    Dach, ween net alt emol? Mee ech sinn an bleiwen Letzebuerger.

    „De Wilson oder de McCain sinn am Géigensaz zu dier opmanst aktiv Politiker.“

    Déi ouni d’Steieren vun hiren Birger net haetten kinnten vun Politik liewen.

    „Kléngt an der Theorie jo rem gutt an einfach. Just blöd, dass d’Realitéit méi komplex ass, hein?”

    Et brauch een fir d’éischt Theorie, Ethik an Moral fir Problemer real betrueten an analyséieren ze kennen an och unzepaaken.

    „An sou friddlech (a gerecht) Léisungen ze fannen ass jo ganz einfach, gell?“

    Gouw nie behapt.

    „An a Punkto israelesch Siedlungen op emstriddenen Gebidder?“

    Ech sinn keen Frënd vun der Siedlungspolitik, wa glaich ech mech trotzdem froen, wéisou net och Juden bei den Araber liewen sollten als glaichberechtegt pal.Birger, emgedréit fonctionnéiert et jo och. Mee natirlech missten do vill Leit iwwert hiren Schied sprangen op baiden Saiten.

    „Wéi gesäit et an der Wierklechkeet aus?“

    Iwwerall do wou liberal Reformen emgesat gouwen, hunn sech eklatant Verbesserungen gewiisen. D’Realitéit schwätzt dermossen kloer fir de Liberalismus, datt een sech wonnert, datt et emmer nach vill Leit gett déi deem widerspriechen.

    „Ech huelen du ziels däi Blog zu den ‘Medien’ an du bass och weder an enger APO nach enger NGO?“

    Eischt Fro: Jo. Blogs gehéieren längst zur Medienwelt derzou.

    Zweet Fro: Dach.

    Fir de Recht schléissen ech mech dem JayJay un. Keng perséinlech Ugreffer w.e.g. an probéier och ontopic ze bleiwen, hei geet et em Israel/Nahostkonflikt, net em Sozialstaat etc.

    Kommentar von CK | Oktober 19, 2009

  34. CK:

    >> „Nie dru geduecht auszewanderen?“
    > Dach, ween net alt emol? Mee ech sinn an bleiwen Letzebuerger.

    Ass dat net just e sozialt Konstrukt? Wann Israel sou super ass, firwat wanders de net dohinner aus?

    >> De Wilson oder de McCain sinn am Géigensaz zu dier opmanst aktiv Politiker.“
    > Déi ouni d’Steieren vun hiren Birger net haetten kinnten vun Politik liewen.

    Jo, an? Wiers du an der Politik giffen d’Bierger dech och bezuelen.

    > Et brauch een fir d’éischt Theorie, Ethik an Moral fir Problemer real betrueten an analyséieren ze kennen an och unzepaaken.

    An dat hues du gemaach? Wat ass däin Verdikt dann? Realisabel? Realistesch?

    > Iwwerall do wou liberal Reformen emgesat gouwen, hunn sech eklatant Verbesserungen gewiisen. D’Realitéit schwätzt dermossen kloer fir de Liberalismus, datt een sech wonnert, datt et emmer nach vill Leit gett déi deem widerspriechen.

    Kanns du konkret Beispiller ginn?

    > Eischt Fro: Jo. Blogs gehéieren längst zur Medienwelt derzou.

    Jo, mee Blog ass nach laang net Blog. Die aflossräich Bloggen sinn keng Amateurprojet’en.

    > Zweet Fro: Dach.

    Däerf een froen a wat fir enger APO oder NGO oder ass dat geheim? Muss och net die genau nennen, just de Genre?

    Kommentar von Grommel | Oktober 20, 2009

  35. „Ass dat net just e sozialt Konstrukt? Wann Israel sou super ass, firwat wanders de net dohinner aus?“

    Ech fillen mech zu Letzebuerg doheem, hunn hei vill Frenn, méng Famill, méng Aarbechtsplatz asw. Ausserdem hunn ech net jhust Israel gaeren, mee- niewt méngem eegenen Land souwieso- och bspw. Daitschland, Schottland, Eisterraich, Holland fir jhust e puer ze nennen.

    Wiers du an der Politik giffen d’Bierger dech och bezuelen.

    Kloer, ech wollt och naischt dergéint soen, wollt jhust dropper eraus, datt de Bierger als Steierzueler dann ower och durchaus d´Recht huet séng Repräsentanten ze kritiséieren, positiv wéi negativ.

    An dat hues du gemaach? Wat ass däin Verdikt dann? Realisabel? Realistesch?

    Dat leit un de Politiker bzw. der demokratescher Majoritéit. Ech sinn iwwerzeecht dervun, dat vill Iddien durchaus gutt sin an realisabel, mee et muss och de politeschen Wellen an d´Ansicht vum Birger derzou do sinn.

    Kanns du konkret Beispiller ginn?

    Jo, bspw. Tigerstaaten an Südostasien oder d´Emwälzungen am aalen Ostblock. Oder déi niddreg Praiser an der Telekommunikatioun. D´Computerrevolutioun. All eisen Wuelstand ass (méi oder wéineger fraien) Märt ze verdanken. Spéidstens sait 1989 huet de Kapitalismus/Liberalismus de Staatssozialismus sws kloer besiigt, wann och leider nach net um moraleschen Plang. Derbai erkennt jhust de Liberalismus den eenzelnen Mensch als Individuum, deen frai gebuer ass an fir sech selwer Verantwortung iwwerhuelen kann (soufern erwuessen an mündeg jhiddferfalls). All aner Ideologie well hien an een kollektivt Zwangskorsett stiechen.

    Die aflossräich Bloggen sinn keng Amateurprojet’en.

    Jhiddereen faenkt kléng un 😉

    Däerf een froen a wat fir enger APO oder NGO oder ass dat geheim?

    Iwwerbleibsel aus ménger lénksalternativer Zait. Sinn Member bei enger Freigeld-APO, doriwwer eraus nach an e puer Asblen. Ausserdem melden ech mech vlait och nach bei der Mont Pélerin Society un. LfL soll langfristeg wuel och een liberalen Thinktank/Club hei zu Letzebuerg ginn. Mee daat spillt keng Roll an esou Diskussiounen wéi daer heiten.

    Kommentar von CK | Oktober 20, 2009


Kommentar verfassen

Trage deine Daten unten ein oder klicke ein Icon um dich einzuloggen:

WordPress.com-Logo

Du kommentierst mit Deinem WordPress.com-Konto. Abmelden /  Ändern )

Twitter-Bild

Du kommentierst mit Deinem Twitter-Konto. Abmelden /  Ändern )

Facebook-Foto

Du kommentierst mit Deinem Facebook-Konto. Abmelden /  Ändern )

Verbinde mit %s

Diese Seite verwendet Akismet, um Spam zu reduzieren. Erfahre, wie deine Kommentardaten verarbeitet werden..

%d Bloggern gefällt das: